Você precisa estar logado para marcar um episódio como visto. Entrar ou registar.
Temporada 2023
Miersch TV geet elo schonn an dat 5t Joer !
Villmools Merci der Gemeng mä virun allem och Iech, déi der eis Emissioune reegelméisseg kuckt an Alles Guddes fir 2023 fir Iech an är
.. show full overview
Miersch TV geet elo schonn an dat 5t Joer !
Villmools Merci der Gemeng mä virun allem och Iech, déi der eis Emissioune reegelméisseg kuckt an Alles Guddes fir 2023 fir Iech an är Léifsten.
Fir déi éischt Sendung vum Joer kucke mer mam Buergermeeschter Michel Malherbe zeréck op dat, wat 2022 an der Gemeng geschafft gouf awer och no vir op dat, wat usteet oder amgaangen ass.
Duerno stelle mer Iech mat de Mierscher Geschichtsfrënn de Mierscher Meeschter-Fotograf, de Boski, vir. D'Ausstellung iwwer den Edmond Hansen leeft nach bis de 5. Februar am Mierscher Kulturhaus.
Ee Minister, dee vun Tuten a Blosen eng Anung huet an eis de Bass hält an d'Méiglechkeet fir méi Leit GUTT ze WUNNEN, esou kann een d'Emissioun vun Enn Januar iwwerschreiwen.
Endlech
.. show full overview
Ee Minister, dee vun Tuten a Blosen eng Anung huet an eis de Bass hält an d'Méiglechkeet fir méi Leit GUTT ze WUNNEN, esou kann een d'Emissioun vun Enn Januar iwwerschreiwen.
Endlech konnt d'Mierscher Musek no 2 Joer erëm hire Wanterconcert ganz normal spillen. Als Special Guests waren ënnert anerem de Ricardo Vieira an d'Zolwer Musek invitéiert an déi hate mam Georges Engel ee Minister derbäi, deen ee Solo zum Beschte ginn huet.
Eng Wunneng zu Lëtzebuerg zu engem bezuelbare Präis, dat ass fir vill Leit am Land nach ëmmer een Dram. Déi nei Asbl, "Gutt Wunnen" wëll Leit mat méi klengem Akommes hëllefen deen Dram ze realiséieren. D'Statue vu "Gutt Wunnen Asbl." si viru kuerzem vun de Buergermeeschtere vu 6 Gemengen zu Miersch ënnerschriwwe ginn.
Merci fir d'Kucken !
An der Emissioun vum 15. Februar huele mer Iech fir unzefänke mat op d'Seniorefeier. All Leit vun iwwer 65 Joer waren invitéiert a si si mat Iessen, Drénken a flotter Musek esou richteg
.. show full overview
An der Emissioun vum 15. Februar huele mer Iech fir unzefänke mat op d'Seniorefeier. All Leit vun iwwer 65 Joer waren invitéiert a si si mat Iessen, Drénken a flotter Musek esou richteg verwinnt ginn.
Am zweete Reportage geet et ëm den Denkmalschutz. D'Kulturministerin Sam Tanson an déi Responsabel vum INPA waren op Miersch komm fir den Inventar virzestelle vun deenen Objeten, déi an der Mierscher Gemeng sollen national geschützt ginn. Bis den 1. Mäerz kënnt der nach är Remarken zu deem Inventar areechen.
Merci fir d'Kucken !
Sport a Kultur dominéieren an der Emissioun vun Enn Februar:
Miersch ass eng ganz sportlech Gemeng. Dat weist sech net zu lescht op der Sportleréierung, wou déi bescht SportlerInnen aus
.. show full overview
Sport a Kultur dominéieren an der Emissioun vun Enn Februar:
Miersch ass eng ganz sportlech Gemeng. Dat weist sech net zu lescht op der Sportleréierung, wou déi bescht SportlerInnen aus dem Joer 2022 ausgezeechent goufen an et gouf ee Spezialpräis fir dem Bob Jungels seng super Performance am Tour de France.
Endlech konnten déi Pëttener Theaterfrënn no 3 laange Joren nees Theater spillen an dat mat enger neier Regisseurin, dem Karin Kremer, a mat vill Erfolleg.
Vill Spaass beim Kucken a bis geschwënn zu Miersch!
D'Enn vum Wanter an d'Enn vun der Fuesend feire mer an der Emissioun vum 15. Mäerz 2023:
D'Léierpersonal an d'Kanner aus dem Precoce an aus der Spillschoul vu Miersch konnten no de
.. show full overview
D'Enn vum Wanter an d'Enn vun der Fuesend feire mer an der Emissioun vum 15. Mäerz 2023:
D'Léierpersonal an d'Kanner aus dem Precoce an aus der Spillschoul vu Miersch konnten no de Corona-Joren endlech erëm hire Fues-Ëmzuch organiséieren.
Fir Buergsonndeg hu mer eis dëst Joer Miesdref eraus gesicht. Eng grouss Buerg a grouss Konkurrenz mat Pëtten
Merci fir d'Kucken!
Et ass Fréijoer an d'Natur weist sech erëm vun hirer schéiner a faarweger Säit. Et ass Zäit fir een Ausfluch op den Hunnebur. Dës flott Plaz ass nei amenagéiert a viru kuerzem ageweit
.. show full overview
Et ass Fréijoer an d'Natur weist sech erëm vun hirer schéiner a faarweger Säit. Et ass Zäit fir een Ausfluch op den Hunnebur. Dës flott Plaz ass nei amenagéiert a viru kuerzem ageweit ginn. Mir huelen ech mat.....bei Reen a bei Sonn.
A ronn 10 Woche wiele mer déi nei Gemengeréit an eng éischte Kéier kënnen och Net-Lëtzebuerger, egal wéi laang se am Land wunnen, mat wiele goen. Si mussen sech bis de 17. Abrëll awer op der Gemeng aschreiwen a ganz vill vun hinnen hunn dat um nationalen Aschreiwungsdag gemaach.
Eng schéin Ouschtervakanz a bis de 15. Abrëll mat enger neier Emissioun vu Miersch TV.
Ouni Maison Relais hätte vill Elteren et schwéier fir zu zwee schaffen ze goen an dacks mussen d'Elteren zu zwee schaffe goen. Eng grouss Erausfuerderung fir d'Gemengen, also och fir déi
.. show full overview
Ouni Maison Relais hätte vill Elteren et schwéier fir zu zwee schaffen ze goen an dacks mussen d'Elteren zu zwee schaffe goen. Eng grouss Erausfuerderung fir d'Gemengen, also och fir déi Mierscher Gemeng, ass et fir ëmmer nei Betreiungsstrukturen ze schafen. Dat ass um Krounebierg op eng ganz flott Manéier gelongen an déi Maison Relais gouf viru kuerzem ageweit an d'Kanner selwer hu bei där Aweiung eng grouss Roll gespillt.
Duerno huele mer Iech mat an d'Mierscher Kulturhaus, wou jo och Rolle gespillt ginn. D'Kulturhaus ass fir d'Mierscher Bierger, fir d'ganzt Land an awer och fir d'Schoulen do, wëll reegelméisseg ginn d'Schoulen och Spektakele kucken. Mir ware mat bei "Körper am Ende der Welt".
Vill Spaass beim Kucken!
Grouss Botz an der Natur an am Kleederschaf heescht et Enn Abrëll bei Miersch TV:
Fréijoer ass ëmmer d'Zäit vun der Naturbotz an do waren trotz ganz schlechtem Wieder eng 150 Leit um
.. show full overview
Grouss Botz an der Natur an am Kleederschaf heescht et Enn Abrëll bei Miersch TV:
Fréijoer ass ëmmer d'Zäit vun der Naturbotz an do waren trotz ganz schlechtem Wieder eng 150 Leit um Rendezvous fir hir Gemeng ze botzen. Respekt a Merci !
Merci och deene ville Leit, déi reegelméisseg gutt erhale Kleeder stëfte fir dass d'Jeunes Mamans se fir ee gudden Zweck op hirem scho ganz bekannte Second Hand weider verkafen.
Merci fir d'Kucken a Merci fir dës Emissioun weider ze deele mat äre Frënn !
An de Bësch an an d'Schwämm huele mer Iech an der Emissioun vu Mëtt Mee mat:
D'Schwämm um Krounebierg huet viru kuerzem deen Zwou-Milliounste Visiteur begréisst a bei där Geleeënheet
.. show full overview
An de Bësch an an d'Schwämm huele mer Iech an der Emissioun vu Mëtt Mee mat:
D'Schwämm um Krounebierg huet viru kuerzem deen Zwou-Milliounste Visiteur begréisst a bei där Geleeënheet och nach déi nei Vëlo-Wäschstatioun, déi bei der Schwämm steet, ageweit.
Am Bësch bei Schëndels war déi traditionell Lietsch, eng Holzstee mat awer och vill Ambiance, Iessen an Drénken. Mir hunn d'Stee an d'Ambiance fir Iech a Biller resuméiert.
Am Agenda invitéiere mer Iech op d'Final vun der Coupe de Luxembourg am Futtball, wëll den FC Marisca huet sech sensationell fir déi Final qualifizéiert. E puer Biller vun der Halleffinall géint Munneref hu mer dann och um Enn vun dëser Emissioun fir Iech.
Dem FC Marisca wënsche mer vill Erfolleg fir déi Final an Iech soe mer ee grousse Merci fir d'Kucken.
Ganz sportlech si mer Enn Mee an eiser Emissioun ënnerwee:
Den FC Marisca Miersch huet eng exzeptionell Saison gespillt a spillt déi nächst Saison an der héchster Divisioun vum
.. show full overview
Ganz sportlech si mer Enn Mee an eiser Emissioun ënnerwee:
Den FC Marisca Miersch huet eng exzeptionell Saison gespillt a spillt déi nächst Saison an der héchster Divisioun vum Lëtzebuerger Futtball. Als Kiischt um Kuch hunn d'Spiller vum Mikhail Zaritski och nach d'Coupe Final géint Déifferdeng gespillt. Respekt a Felicitatioun an Alles Guddes fir d'Zukunft.
Dass et awer net just Futtball als Sport an der Mierscher Gemeng gëtt, huet ee ganz gutt op der "Nuit du Sport" gesinn. Hei konnt ee ganz vill verschidde Sportaarte probéieren a ganz vill Kanner an Erwuessener hunn dat och gemaach.
Am Agenda invitéiere mer Iech op ganz vill Evenementer de Weekend vum 3. a 4. Juni. Mir gesinn eis also hoffentlech deemnächst zu Miersch.
Merci fir d'Kucken an Deelen !
Bännercher, ee Voile, ee Steen!
Et gëtt geschafft an der Mierscher Gemeng an also och ageweit.
D'Rue Grande-Duchesse Charlotte ass endlech ganz nei gemaach an och elo offiziell
.. show full overview
Bännercher, ee Voile, ee Steen!
Et gëtt geschafft an der Mierscher Gemeng an also och ageweit.
D'Rue Grande-Duchesse Charlotte ass endlech ganz nei gemaach an och elo offiziell ageweit. Bei der Aweiung war nieft dem Premier Xavier Bettel an de Ministeren Tanson a Backes awer nach ee ganz prominente Gaascht : de Superjhemp an dee bleift och elo do als Erënnerung un de Roger Leiner.
Nach net fäerdeg mä op d'mannst um gudde Wee ass déi nei Schoul am Zentrum vu Miersch. 60 Milliounen Euro ginn hei investéiert an de Grondsteen ass geluecht.
Vill Freed beim Kucken a bis geschwënn zu Miersch !
Sportlech a musikalesch si mer an der Emissioun vun Enn Juni ënnerwee
Fir d'éischt fuere mer mat de Kanner beim sougenannte Stärentour mam Vëlo an d'Schoul um Krounebierg.
.. show full overview
Sportlech a musikalesch si mer an der Emissioun vun Enn Juni ënnerwee
Fir d'éischt fuere mer mat de Kanner beim sougenannte Stärentour mam Vëlo an d'Schoul um Krounebierg. D'Elterevertrieder wëlle mat dëser Aktioun de Kanner weise wéi se mam Vëlo sécher an hir Schoul kommen.
Zu Miersch am Park war nees de grousse Concours vun den Haupeschbléiser. Donieft gouf awer och den Dag vun der Juegd gefeiert.
Vill Spaass beim Kucken !
Groussherzogsgebuertsdag an de Gebuertsdag vum Kannerduerf feiere mer an dëser Emissioun:
D'Festivitéite fir Nationalfeierdag haten erëm ganz vill Leit op Miersch gezunn an och wann
.. show full overview
Groussherzogsgebuertsdag an de Gebuertsdag vum Kannerduerf feiere mer an dëser Emissioun:
D'Festivitéite fir Nationalfeierdag haten erëm ganz vill Leit op Miersch gezunn an och wann d'Wieder net 100 Prozent matgespillt huet, war et ee ganz flott Fest.
Zanter 55 Joer scho gëtt et d'Mierscher Kannerduerf an dat gouf dëst Joer um Summerfest esou richteg gefeiert.
Merci fir d'Kucken
Zwou Manifestatioune bei beschtem Wieder presentéiere mer Iech an der Emissioun vun Enn Juli:
D'Union Commerciale hat op hir traditionell Braderie invitéiert an op deene ganz ville
.. show full overview
Zwou Manifestatioune bei beschtem Wieder presentéiere mer Iech an der Emissioun vun Enn Juli:
D'Union Commerciale hat op hir traditionell Braderie invitéiert an op deene ganz ville Stänn gouf et natierlech vill gutt Affären ze maachen.
D'Duerfsieschter vu Miesdref, Pëtten an Essen hunn aus hirem Schlassfest ee Schlassmaart gemaach an déi éischt Editioun konnt sech weise loossen an deem flotte Kader vum Pëttener Schlass.
Miersch TV mécht Mëtt August Paus an ass dann Enn August erëm fir Iech do.
Mir kucken Enn August op e puer Manifestatioune vu virun der Vakanz zeréck:
Mir huelen Iech mat op d'Schoulfest vum Cycle 1 wou a ganz villen Atelieren a Spiller ganz vill gebuede
.. show full overview
Mir kucken Enn August op e puer Manifestatioune vu virun der Vakanz zeréck:
Mir huelen Iech mat op d'Schoulfest vum Cycle 1 wou a ganz villen Atelieren a Spiller ganz vill gebuede gouf.
Duerno gi mer dann op dat 40t Schlassfest zu Schëndels.
A fir ofzeschléissen huet den Henri Krier eis puer Biller vum Camp vun de LGS vu Miersch mat bruecht.
Vill Spaass beim Kucken a Merci dem Heng fir d'Biller.
Mir soen an dëser Emissioun zweemol Äddi a Merci:
De Léon Wantz, de Sekretär vun der Mierscher Gemeng, ass viru kuerzem an d'Pensioun gaangen an dat no iwwer 40 Joer trei Déngschter.
.. show full overview
Mir soen an dëser Emissioun zweemol Äddi a Merci:
De Léon Wantz, de Sekretär vun der Mierscher Gemeng, ass viru kuerzem an d'Pensioun gaangen an dat no iwwer 40 Joer trei Déngschter. Mir waren op engem vu senge leschte Schaffdeeg bei de Léon op de Büro.
Duerno soe mer dann enger flotter Manifestatioun Äddi, wëll d'Organisateure vum "Alles op de Vëlo tëscht Mamer a Miersch" hunn decidéiert, dass no 25 Joer soll Schluss sinn. Mir waren op der leschter Editioun mat Vëlo a Kamera derbäi.
Zwou grouss Manifestatioune sinn traditionell um Schluss vun der Summervakanz an der Mierscher Gemeng:
Den Eenelter Maart ass schonn déi 15te Kéier zu Recken organiséiert ginn a wéi
.. show full overview
Zwou grouss Manifestatioune sinn traditionell um Schluss vun der Summervakanz an der Mierscher Gemeng:
Den Eenelter Maart ass schonn déi 15te Kéier zu Recken organiséiert ginn a wéi gewinnt war dëse Maart vum Dëschtennis Recken ee ganz groussen Erfolleg.
Och bei der Randonnée du Centre hunn erëm ganz vill Cycliste matgemaach an sech op de Wee fir déi 40 oder 80 km gemaach. A Miersch TV war mat der Kamera mattendran.
Zwee flott Volleksfester weise mer Iech an der Emissioun vu Mëtt Oktober:
Kiermes wéi fréier heescht et zanter dem leschte Joer zu Miersch. Aus enger Kiermes, déi den Numm net méi
.. show full overview
Zwee flott Volleksfester weise mer Iech an der Emissioun vu Mëtt Oktober:
Kiermes wéi fréier heescht et zanter dem leschte Joer zu Miersch. Aus enger Kiermes, déi den Numm net méi richteg verdéngt hat, ass elo erëm ee richteg flott, a virun allem bëssen anert Fest ginn.
Traditioun huet schonn der Kürbis-Weekend zu Biereng an deen hat och dëst Joer bei guddem Wieder erëm ganz vill Leit aus dem ganze Land ugezunn.
Mir feieren an der Emissioun vum 31.10.2023:
Fir d'éischt feiere mer déi nei gewielte Gemengeréit vu Miersch an dat bei enger flotter Ovatioun, déi vum Syndicat d'Initiative et de
.. show full overview
Mir feieren an der Emissioun vum 31.10.2023:
Fir d'éischt feiere mer déi nei gewielte Gemengeréit vu Miersch an dat bei enger flotter Ovatioun, déi vum Syndicat d'Initiative et de Tourisme organiséiert gouf.
Duerno feiere mer 20 Joer Kulturhaus a presentéieren Iech de Programm vun der Saison 2023/2024
Vill Spaass beim Kucken
Se faltam episódios ou banners (e eles existem no TheTVDB) você pode solicitar uma atualização automática :
Solicite uma atualização
Atualização solicitada