Você precisa estar logado para marcar um episódio como visto. Entrar ou registar.
Temporada 2019
MierschTV ass definitiv gebuer. An dëser éischter Sendung huele mer Iech mat op d'Concerte vun der Mierscher Musek a vun der Big Band vun der Militärmusek, mir waren op d'Seniorefeier an
.. show full overview
MierschTV ass definitiv gebuer. An dëser éischter Sendung huele mer Iech mat op d'Concerte vun der Mierscher Musek a vun der Big Band vun der Militärmusek, mir waren op d'Seniorefeier an op d'Sportleréierung an déi Pëttener Theaterfrënn stoungen zu Biereng op der Bühn. Am Kulturhaus huet d'Direktioun den 1.1.2019 changéiert an och dat hu mer a Bild an Toun fest gehalen. Miersch TV fann der elo zweemol de Mount op Vimeo an op Facebook an och op mersch.lu. Vill Spaass. Miersch TV ass eng Productioun vu Local Lux TV S.à r.l.
Miersch ass 2019 den Téléviezenter aus dem Zentrum. An deem Kontext hat den Organisatiounscomité op eng ganz intressant Konferenz mam Dr Dicato invitéiert. Donieft war Miersch TV an
.. show full overview
Miersch ass 2019 den Téléviezenter aus dem Zentrum. An deem Kontext hat den Organisatiounscomité op eng ganz intressant Konferenz mam Dr Dicato invitéiert. Donieft war Miersch TV an d'Altersheim, wou een 100te Gebuertsdag gefiert gouf an d'Integratiounskommissioun hat op d'soirée française op Biereng invitéiert.
Waasser ass d'Gold vun der Zukunft. Miersch TV war derbäi wéi zu Recken no Waasser gebuert an es och fonnt gouf. Donieft ware mer an d'Lieshaus op Miersch a weisen Iech wat Bebéeën an
.. show full overview
Waasser ass d'Gold vun der Zukunft. Miersch TV war derbäi wéi zu Recken no Waasser gebuert an es och fonnt gouf. Donieft ware mer an d'Lieshaus op Miersch a weisen Iech wat Bebéeën an enger Bibliothéik maachen. D'Equip vum Téléviezenter Miersch hu mer dann op Vältesdag begleed, wéi d'Häerz vum Télévie an dat vun der Léift sech begéint hunn.
D'Buergbrenne war dëst Joer bal an d'Waasser gefall, oder besses gesot, d'Affer vum Stuerm ginn. Déi Mierscher Pompjeeën hunn hir awer gebrannt, och wann et bëssen anëscht war wéi soss.
.. show full overview
D'Buergbrenne war dëst Joer bal an d'Waasser gefall, oder besses gesot, d'Affer vum Stuerm ginn. Déi Mierscher Pompjeeën hunn hir awer gebrannt, och wann et bëssen anëscht war wéi soss. Miersch TV weist Iech wéi vill Aarbecht néideg ass, bis d'Buerg dann Owes brennt. Dann huele mer Iech mat op de Second Hand vun de Jeunes Mamans Miersch op Biereng an d'Jugendhaus huet Graffiti fir de gudden Zweck versteet.
Den Eltere-Restaurant, oder wa Kanner fir hir Eltere kachen. D'Maison Relais um Krounebierg organiséiert reegelméisseg dëst flott Evenement. Flott fir d'Kanner, déi gesinn, wéi a mat wat
.. show full overview
Den Eltere-Restaurant, oder wa Kanner fir hir Eltere kachen. D'Maison Relais um Krounebierg organiséiert reegelméisseg dëst flott Evenement. Flott fir d'Kanner, déi gesinn, wéi a mat wat gekacht gëtt, déi selwer, net nëmmen eng Hand upaken, mä quasi dat ganzt Iesse virbereeden an duerno och nach zervéieren. Selbstverständlech hunn si och d'Dëscher gedeckt an dekoréiert. An engem anere Reportage huele mer Iech mat an den LCD zu Miersch, deen den Ament renovéiert gëtt a mir waren op ee Concert an d'Kierch op Miesdref.
Wäit iwwer 100 Leit aus der Mierscher Gemeng hunn sech Uganks Abrëll getraff fir hir Gemeng botzen ze goen. Virun allem ass et drëm gaangen fir deen Dreck, dee leider nach ëmmer
.. show full overview
Wäit iwwer 100 Leit aus der Mierscher Gemeng hunn sech Uganks Abrëll getraff fir hir Gemeng botzen ze goen. Virun allem ass et drëm gaangen fir deen Dreck, dee leider nach ëmmer verschidde Knaschtpittien einfach an d’Natur geheien, wäsch ze maachen. Wat motivéiert d’Leit an d’Veräiner mat ze goen a wat gouf Alles esou fonnt ? Miersch TV weist iech et. Dann huele mer Iech och mat op den Europadag, wou besonnëch d’Kanner aus de Gemenge Miersch, Lënten a Luerenzweiler ganz aktiv waren a mir kucken och schonn op de Programm vum Télévie Dag, deen de 26. Abrëll op der Méchelsplaz zu Miersch ass. Do ass och Miersch TV dee ganzen Dag op der Plaz.
An der Emissioun vum 30. Abrëll vu Miersch TV huele mer iech mat op déi grouss Final vum Télévie op der Méchelsplaz. Mir resuméieren dee ganzen Dag, dat heescht d’Chèque-Iwwerreechungen,
.. show full overview
An der Emissioun vum 30. Abrëll vu Miersch TV huele mer iech mat op déi grouss Final vum Télévie op der Méchelsplaz. Mir resuméieren dee ganzen Dag, dat heescht d’Chèque-Iwwerreechungen, den Optrëtt vum Dream-Team, de Ferrari&Friends an de Motorrieder, de sëlleche Museks- a Folklorgruppen, mir waren op d’Steeë vu Bicher an Holz, erklären de Plooschter Projet mat deem der Liewe kënnt retten, hu mam Kaiser Franz a mat den Organisateure vum Télévie national an aus dem Zenter Miersch geschwat a Villes méi. Um Enn stoungen zu Miersch 175’000 € um Compteur. Respekt. Schéckt eis äer Manifestatiounen per Mail op: localluxtv@gmail.com
D'Maartsaison zu Biereng huet de 4. Mee ugefaangen. De Maart hat kuerzfristeg wéinst dem schlechte Wieder missen an d'Hal verluegt ginn, mä den Erfollëg war awer ganz grouss, Reen gouf
.. show full overview
D'Maartsaison zu Biereng huet de 4. Mee ugefaangen. De Maart hat kuerzfristeg wéinst dem schlechte Wieder missen an d'Hal verluegt ginn, mä den Erfollëg war awer ganz grouss, Reen gouf et och beim Championnat vun den "Trompes de chasse" am Mierscher Park. Miersch TV weist Iech d'Biller a vill Informatiounen rondrëm dee Concours. An da ware mer nach lescht Biller vum Silo dréien ier deen no an no ofgerappt gëtt. Vill Spaass beim Kucken.
D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten hunn hir 100 Joer zu Miersch am Park gefeiert. Mat Spill a Spaass, an natierlech mat Miersch TV. Spaass fir Grouss a Kleng gouf et och um Kass-Haff zu
.. show full overview
D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten hunn hir 100 Joer zu Miersch am Park gefeiert. Mat Spill a Spaass, an natierlech mat Miersch TV. Spaass fir Grouss a Kleng gouf et och um Kass-Haff zu Rolleng. Et war erëm eng lass beim Bauer Kass. Mir stellen Iech deen Haff mat sengem ganz spezielle Konzept fier. An da gi mer och nach an d'Lëtzebuerger Literaturarchiv, also an d'Servais Haus. Vill Spaass beim Kucken.
D'Temperature klammen an de Risiko fir vun enger Zeck gepickt ze ginn och. Wéi kann ee sech schützen a wat mécht ee wann een awer gestach a krank gëtt. Mat Borrelios ass net ze spaassen.
.. show full overview
D'Temperature klammen an de Risiko fir vun enger Zeck gepickt ze ginn och. Wéi kann ee sech schützen a wat mécht ee wann een awer gestach a krank gëtt. Mat Borrelios ass net ze spaassen. Miersch TV war op der Zeckekonferenz mam Dr. Jacobs a gëtt Iech all wichteg Informatiounen rondrëm Thema Zecken. Da stelle mer Iech och nach déi Mierscher Geschäftswelt fier, d'Union Commerciale et Artisanale huet nämlech vill ze bidden a mir feiere 50 Joer mat de "Loutres" vu Miersch.
Den 22. Juni war zu Miersch ee grousst Vollécksfest fir den Nationalfeierdag. Wéi ëmmer ware ganz vill Leit dobäi am Cortège, am Te Deum an um Fest op der Maartplaz. Miersch TV
.. show full overview
Den 22. Juni war zu Miersch ee grousst Vollécksfest fir den Nationalfeierdag. Wéi ëmmer ware ganz vill Leit dobäi am Cortège, am Te Deum an um Fest op der Maartplaz. Miersch TV resuméiert dee ganzen Owend bis an d'Nuecht eran. Ee richtege Lëtzebuerger ass och eisen Nationalheld, de Superjhemp an dee kënn der den Ament an enger flotter Expo am Servais Haus gesinn. Vill Spaass bei Miersch TV vum 30. Juni 2019.
Den 30. Juni war vill lass zu Miersch. Engersäits d'Braderie mat super Affairen an dann awer och d'Summerfest am Kannerduerf. Bei deenen zwou Manifestatiounen bei extrem waarmen
.. show full overview
Den 30. Juni war vill lass zu Miersch. Engersäits d'Braderie mat super Affairen an dann awer och d'Summerfest am Kannerduerf. Bei deenen zwou Manifestatiounen bei extrem waarmen Temperaturen war Miersch TV derbäi. De Policedag war iwwregens och nach deen Dag, mä doropper komme mer an der Emissioun vum 31. Juli zeréck. Dës Kéier huele mer Iech nach mat op d'Schlassfest zu Pëtten verbonne mam Schlasslaf. Vill Spaass !
Bis zum Alter vu 97 Joer war d'Vicky Schaack Wiertsfra. Den 19. Juli huet si hiren 100te Gebuertsdag gefeiert. Am Interview mat Miersch TV erkläert d'Madam Schaack ënnert anerem wat de
.. show full overview
Bis zum Alter vu 97 Joer war d'Vicky Schaack Wiertsfra. Den 19. Juli huet si hiren 100te Gebuertsdag gefeiert. Am Interview mat Miersch TV erkläert d'Madam Schaack ënnert anerem wat de Grand-Duc Henri mam eenzege Wiertsprotokoll, deen si jee kritt huet, ze dinn huet. Donieft gi mer op d'Schlassfest op Schëndels a mir kommen op de Policedag zeréck.
De Summer, oder op d'mannst emol d'Summervakanz, geet esou lues op een Enn.
An der neister Emissioun vu Miersch TV kucke mer dann och op e puer Aktivitéiten vum Summer 2019 an der
.. show full overview
De Summer, oder op d'mannst emol d'Summervakanz, geet esou lues op een Enn.
An der neister Emissioun vu Miersch TV kucke mer dann och op e puer Aktivitéiten vum Summer 2019 an der Mierscher Gemeng zeréck.
An der Schwemm um Krounebierg hu mer eis virun allem fir d'Aarbecht vun de Studentinnen intresséiert (Merci dem Noémie Schockmel fir den Interview). Mir hunn eis awer och déi verschidden Aktivitéiten, déi d''Schwemm ubidd, vun der Cheffin Annette Stempels erkläre gelooss.
Am zweete Reportage klamme mer dann op de Velo a fuere vu Miersch op Mamer. Dat ass ee Genoss wann d'Strooss gespaart ass. Eemol d'Joer ass dat jo bei "Alles op de Velo" de Fall. De Mouvement Ecologique organiséiert dat zesumme mat der LVI - Lëtzebuerger Vëlosinitiativ an de Gemengen Administration communale de Mersch Commune de Kopstal Gemeng Mamer.
Zum Schluss vun eisem Velostour hu mer ee Stop um Draachefest Zu Miersch vun der Mierscher Musek gemeet.
D’Gemeng Miersch beschäftegt zanter kuerzem zwee Agents municipaux, sougenannt Pecherten. Si suergen dofir, dass d’Leit sech un d’Police-Reglement halen. Dozou gehéiert virun allem
.. show full overview
D’Gemeng Miersch beschäftegt zanter kuerzem zwee Agents municipaux, sougenannt Pecherten. Si suergen dofir, dass d’Leit sech un d’Police-Reglement halen. Dozou gehéiert virun allem d’Parken, mä de Steve an den Thierry sinn och Bannhidder. Miersch TV huet d’Agenten op hirer Aarbecht begleed.
Kaméidi mam Noper : Dat kann am Extremfall ganz schlëmm ginn an iwwer Joren a Joerzéngten daueren an och viru Geriicht landen. Dat muss net sinn an dofir offréiert d’Mierscher Gemeng zanter dësem Joer eng gratis Mediatioun. Detailer dozou mat der Mediatrice Astrid Glod.
D’Bildchen zu Rolleng ass zanter Joerzéngten eng Plaz wou Leit Trouscht fannen. Eemol d’Joer ass d’Bildchen Prosessioun vun de Frënn vum Rollénger Bildchen. Miersch TV war mat derbäi.
Donieft natierlech eisen Agenda mat deem wat deemnächst an der Mierscher Gemeng lass ass.
Vill Spaass beim Kucken !
Miersch ass eng immens flott Gemeng, wou ganz vill lass ass. Dat gesidd der och erëm an der neister Emissioun vu Miersch TV.
Mir huelen Iech mat op den Eenelter Maart vum Dëschtennis
.. show full overview
Miersch ass eng immens flott Gemeng, wou ganz vill lass ass. Dat gesidd der och erëm an der neister Emissioun vu Miersch TV.
Mir huelen Iech mat op den Eenelter Maart vum Dëschtennis Recken. Den Eenelter Maart ass ee Maart mat iwwer 100 Stänn, vill Animatioun an natierlech Iessen an Drénken.
“Balafré und das Wolfsrudel im Merscher Wald” esou heescht ee Buch an eng Ausstellung. D’Initiative an d’Idee fir dat Buch hat de Leader Lëtzebuerg West. Mam LCD Miersch huet de Leader ee Partner fonnt fir dat ganzt ëm ze setzen a wéi d’Resultat dunn esou gutt war, ass ganz kuerfristeg decidéiert ginn, fir eng Ausstellung am Kulturhaus zu Miersch mat deene flotte Biller an Texter vun de Schüler ze maachen. Eng ganz gelongen Expo an déi Responsabel vum Projet Christiane Pascale Kuffer-Defays a Claude Mangen waren um Vernissage méi wéi zefridden.
Eng weider Ausstellung kënn der den Ament am HPPA zu Miersch gesinn.
Am éischte Reportage huele mer Iech mat op de Kürbisweekend zu Biereng. Nieft ville Kalbassen fir z’iessen an ze dekoréieren an dem Concours vum schwéierste Kürbis, waren awer och erëm
.. show full overview
Am éischte Reportage huele mer Iech mat op de Kürbisweekend zu Biereng. Nieft ville Kalbassen fir z’iessen an ze dekoréieren an dem Concours vum schwéierste Kürbis, waren awer och erëm ganz vill verschidde Stänn um Maart a vill Animatioun, ënnert anerem och mam Capoeira Mersch.
40 Joer ass et hir, dass déi éischt Fraen an d’Police komm sinn. Fir op dee laangen an zum Deel net einfache Wee zeréck ze kucken ass den Ament eng Ausstellung am Mierscher Kulturhaus. Miersch TV huet do mam Viviane Eschenauer, enger vun den éischte Polizistinnen zu Lëtzebuerg geschwat, Ënnert anerem iwwert Poschen an Tallekeschong.
Zanter zwee Joer gëtt et am CIPA Blannenheem eng Chorale. DoReMi Blannenheem huet viru kuerzem mat engem flotte Concert deen zweete Gebuertsdag gefeiert.
Zwee ganz ënnerschiddlech Sujete proposéiere mer Iech an der Emissioun vum 31. Oktober 2019.
All Joer ëm den 10. Oktober erënneren d'Lëtzebuerger sech un d'Jongen a Meedercher, déi am
.. show full overview
Zwee ganz ënnerschiddlech Sujete proposéiere mer Iech an der Emissioun vum 31. Oktober 2019.
All Joer ëm den 10. Oktober erënneren d'Lëtzebuerger sech un d'Jongen a Meedercher, déi am zweete Weltkrich d'Trei zu hirer Heemecht mam Liewe bezuelt hunn. Um nationale Commémoratiounsdag, gëtt un d'Affer vum Krich erënnert. Zu Miersch mécht den Dechen Felix Steichen dat op eng ganz besonnech a beandrockend Manéier an zwar mat enger konkreter a richteger Geschicht vun deemols. Dës Kéier ass et den Drama rondrëm d'Famill Hansen. D' Liz Weiler huet dat klengt Alice Hansen von de Joeren 1940-1945 hannert der Schiedwand an der Kierch op eng ganz gefillvoll Manéier interpretéiert. Respekt !
Ee ganz anere Sujet dann am zweete Reportage : Manner eliminéieren, méi recycléieren, dat ass de Motto vun der Campagne vum SIDEC fir d'Reorganisatioun vun der Offallsammlung. Mir erklären Iech déi nei brong a gréng Dreckskëschten a soen Iech wéini déi neierdéngs 4 Poubellen eidel gemaach ginn a wat et kascht.
???? Am éischte Reportage heescht et ????????♀️????♂️???????? Moien a Wëllkomm zu Miersch. D' Administration communale de Mersch organiséiert all Joer ee flotten Owend am Mierscher
.. show full overview
???? Am éischte Reportage heescht et ????????♀️????♂️???????? Moien a Wëllkomm zu Miersch. D' Administration communale de Mersch organiséiert all Joer ee flotten Owend am Mierscher Kulturhaus fir déi nei Awunner ze begréissen. Dobäi kënnen dann och d‘Veräiner sech virstellen.
???? Duerno bleiwe mer am Kulturhaus, wou d‘Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch den Ament eng Ausstelung hunn mam Titel : „Miersch, Metropol vun der Lëtzebuerger Bauerewelt“. Kuckt Iech de Reportage un, mä gitt onbedéngt och an d‘Expo, déi nach bis den 1. Dezember op ass.
???? Um Enn stelle mer Iech dann nach een neie Service vun der Mierscher Gemeng fir, wou der kënnt Problemer oder Gefore mellen. Hei gëllt d‘Email : travaux@mersch.lu
An der Emissioun vun Enn November geet et ganz vill ëm Holz a Beem.
Am éischte Reportage huele mer Iech mat op den Dag vum Bam, deen d' Administration communale de Mersch all Joer fir
.. show full overview
An der Emissioun vun Enn November geet et ganz vill ëm Holz a Beem.
Am éischte Reportage huele mer Iech mat op den Dag vum Bam, deen d' Administration communale de Mersch all Joer fir déi Neigebueren vum Joer virdrun organiséiert. De Bam gouf dës Kéier zu Biereng geplanzt an d'Kanner haten hir Freed beim schëppen......an hir Elteren natierlech och.
Duerno kucke mer wéi ee mat Holz, oder méi genee mat "Holzhackschnëtzel", hëtze kann. D'Gemeng huet viru kuerzem d'Energiezentral, mat där 21 Gebaier, ënnert anerem de @Lycée classique de Diekirch zu Miersch an den HPPA asbl gehëtzt ginn, ageweit.
An zum Schluss maache mer dann nach Musek, mä net nëmme mat Holzinstrumenter. D' Union Grand-Duc Adolphe - Ugda huet verdéngschtvoll Museker, Dänzer a Sänger ausgezeechent, och zu Miersch.
A ganz um Enn dann eisen Agenda mam grousse Spektakel rondrëm de Pir Kremer deemnächst am Mierscher Kulturhaus.
Vill Spaass beim Kucken !
Miersch TV vum 15. November 2019
Am éischte Reportage heescht et Moien a Wëllkomm zu Miersch. D' Administration communale de Mersch organiséiert all Joer ee flotten Owend am Mierscher
.. show full overview
Miersch TV vum 15. November 2019
Am éischte Reportage heescht et Moien a Wëllkomm zu Miersch. D' Administration communale de Mersch organiséiert all Joer ee flotten Owend am Mierscher Kulturhaus fir déi nei Awunner ze begréissen. Dobäi kënnen dann och d‘Veräiner sech virstellen.
Duerno bleiwe mer am Kulturhaus, wou d‘Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch den Ament eng Ausstelung hunn mam Titel : „Miersch, Metropol vun der Lëtzebuerger Bauerewelt“. Kuckt Iech de Reportage un, mä gitt onbedéngt och an d‘Expo, déi nach bis den 1. Dezember op ass.
Um Enn stelle mer Iech dann nach een neie Service vun der Mierscher Gemeng fir, wou der kënnt Problemer oder Gefore mellen. Hei gëllt d‘Email : travaux@mersch.lu
An ganz zum Schluss nach den Agenda an do mierkt een, dass Chrëschtdag net méi all ze wäit fort ass.
Vill Spaass beim Kucken a Merci fir Deelen a Liken !
An der leschter Emissioun vum Joer huele mer Iech nach eng Kéier mat zeréck an d'Chrëscht-Stëmmung. Am Lycée classique de Diekirch zu Miersch am Lycée Ermesinde Mersch an och am
.. show full overview
An der leschter Emissioun vum Joer huele mer Iech nach eng Kéier mat zeréck an d'Chrëscht-Stëmmung. Am Lycée classique de Diekirch zu Miersch am Lycée Ermesinde Mersch an och am Bieschbecher Atelier vum Blannenheem ware Chrëscht- respektiv Adventsmäert.
Als kleng Kaddo fir d'Enn vum Joer hu mer Iech duerno nach een Zesummeschnëtt vun e puer vun de wäit iwwer 60 Reportage vum Joer 2019 gemeet.
Zum Schluss dann den Agenda mat Konter a Matt, Comedy mat Tri-2-Pattes a Yoga mam Sabine.
Miersch TV a Local Lux TV wënschen Iech ee schéint Joer 2020 bei beschter Gesondheet. Merci, dass der eis Emissioune kuckt a bis geschwënn.
Se faltam episódios ou banners (e eles existem no TheTVDB) você pode solicitar uma atualização automática :
Solicite uma atualização
Atualização solicitada