Você precisa estar logado para marcar um episódio como visto. Entrar ou registar.
Temporada 2021
Miersch kritt deemnächst am Zentrum eng nei Brasserie. Duerch d'Covid-19 Kris krut de Chantier vun der Brasserie "Beim Méchel" zwar ee liichte Retard, mä am Fréijoer soll et
.. show full overview
Miersch kritt deemnächst am Zentrum eng nei Brasserie. Duerch d'Covid-19 Kris krut de Chantier vun der Brasserie "Beim Méchel" zwar ee liichte Retard, mä am Fréijoer soll et (hoffentlech) lass goen. De Schäffen- a Gemengerot war viru kuerzem op de Schantje kucken a Miersch TV war derbäi a m ier weisen Iech d'Reaktioune vu Michel Malherbe (DP), Abby Toussaint (CSV), Claude Adam (Déi Gréng) an Alex Kremer (LSAP).
Zanter iwwer 600 Joer ginn et zu Miersch Brécken iwwert d'Uelzecht an d'Eisebunn. D'Mierscher Geschichtsfrënn hunn sech mat der Geschicht vun deene Brécke beschäftegt an hir Recherchen an engem flotte Buch mat Text vum Jeng Sinner a Fotoe vun Henri Krier an Nico Lucas dokumentéiert. Mir hu mat Auteur a Fotograf iwwert d'laang Brécke geschwat.
An um Enn sprange mer dann nach eng Kéier op Hellegowend 2020, wou den Deche Felix Steichen, mat enger Partie anere Leit a ville Kanner d'Krëpp bei d'Leit Heem bruecht huet.
Déi nei Maison Relais um Krounebierg an d'Uertschaft Schëndels.
Um Krounebierg, direkt nieft der Cecile Ries Schoul, steet déi nei Maison Relais. De Schäffen- a Gemengerot war viru
.. show full overview
Déi nei Maison Relais um Krounebierg an d'Uertschaft Schëndels.
Um Krounebierg, direkt nieft der Cecile Ries Schoul, steet déi nei Maison Relais. De Schäffen- a Gemengerot war viru kuerzem deen neie Bau kucken.
An der Serie iwwert d'Uertschaften aus der Gemeng Miersch stelle mer Iech dës Kéier Schëndels fir mat ënnert anerem dem Schlass an de Mamerleeën.
Vill Spaass beim Kucken !
Mir huelen Iech dës Kéier mat an d'Schwemm um Krounebierg an an den Office Social.
D'Mierscher Schwemm ass den Ament op, allerdéngs muss een am Viraus reservéieren. Wéi waren déi lescht
.. show full overview
Mir huelen Iech dës Kéier mat an d'Schwemm um Krounebierg an an den Office Social.
D'Mierscher Schwemm ass den Ament op, allerdéngs muss een am Viraus reservéieren. Wéi waren déi lescht 12 Méint um Krounebierg? Wat ass erlaabt, wat net? A wéi geet et weider? Doriwwer hu mer mam Annette Stempels, der Gestionnaire vun der Schwemm, geschwat.
Den Office Social, fréier den Aarmebüro, ass net just do fir Leit déi finanziell schlecht dru sinn ënnert d'Ärem ze gräifen. Hei ka jiddereen, deen an enger méi schwiereger Situatioun ass, sech berode loossen. Mir stellen Iech den Office Social a seng ganz vill Aufgabe beräicher fir.
Merci fir d'Nokucken!
Traditiounen héich halen an Hoffnung duerch d'Impfung sinn eis Sujeten an der Emissioun vun Enn Februar 2021.
D'Amicale vun de Schëndelsser Pompjeeë wollt och an dëser méi schwiereger
.. show full overview
Traditiounen héich halen an Hoffnung duerch d'Impfung sinn eis Sujeten an der Emissioun vun Enn Februar 2021.
D'Amicale vun de Schëndelsser Pompjeeë wollt och an dëser méi schwiereger Zäit net op déi flott Traditioun vum Buergbrenne verzichten. Wéi een trotz Pandemie awer ka feieren an natierlech d'Mesuren anhale weise mer Iech an eisem éischte Reportage.
Opootmen am Altersheem zu Miersch : Mëtt Februar sinn d'Bewunner endlech geimpft ginn an hunn elo Hoffnung, dass si erëm méi Fräiheete kréien. Mir hu mat de Pensionnairen, dem Direkter aus dem HPPA René Wirth an och mat engem Dokter iwwert d'Impfunge geschwat.
Miersch TV wënscht Vill Freed beim Kucke vun der Emissioun !
Eng nei Informatiounsquell an d'Jugend an der Corona-Pandemie sinn eis Sujeten an der Emissioun vu Mëtt Mäerz.
D'Gemeng Miersch huet elo hir eegen App fir de Smartphone. Do fann der eng
.. show full overview
Eng nei Informatiounsquell an d'Jugend an der Corona-Pandemie sinn eis Sujeten an der Emissioun vu Mëtt Mäerz.
D'Gemeng Miersch huet elo hir eegen App fir de Smartphone. Do fann der eng Hellewull un Informatiounen. Zum Beispill vergiess der elo net méi är Poubelle eraus ze stellen, dir wësst wéini de Bus kënnt an ob nach Parkplaze fräi sinn.
Ee Joer laang kënnen déi Jonk elo hir Jugend net esou liewe wéi si sech dat virgestallt hunn. Ee Joer laang mat Restriktiounen. Wéi erliewen si dat? Dat hu mer am Jugendhaus nogefrot.
Eng international Schoul fir Miersch an d'Gesanksveräiner an der Corona-Kris sinn eis Sujeten Enn Mäerz 2021.
Aus der Haushaltungsschoul, dem Lycée Technique matten a Miersch, gouf 1996
.. show full overview
Eng international Schoul fir Miersch an d'Gesanksveräiner an der Corona-Kris sinn eis Sujeten Enn Mäerz 2021.
Aus der Haushaltungsschoul, dem Lycée Technique matten a Miersch, gouf 1996 eng Annexe vum Dikrecher Kolléisch. Dat Gebai gëtt zanter gutt 2 Joer komplett renovéiert a kritt eng nei Bestëmmung : Miersch kritt eng international Schoul. Mir stellen Iech d'EIMAB vir.
D'Gesanksveräiner hunn et zanter engem Joer ganz schwéier fir ze prouwen an an der Kierch ze sangen. Mir hunn zwee Chéier begleet, déi no enger laanger Paus, elo erëm méi aktiv sinn.
Merci fir d'Kucken a Merci fir all Feedback, Kritik, flott Iddien fir Reportagen.
D'Naturbotz an der Gemeng an den 20te Gebuertsdag vun den RMVA sinn eis Sujete Mëtt Abrëll.
No engem Joer Paus wéinst der Pandemie, war dëst Joer erëm eng Naturbotz an der Mierscher
.. show full overview
D'Naturbotz an der Gemeng an den 20te Gebuertsdag vun den RMVA sinn eis Sujete Mëtt Abrëll.
No engem Joer Paus wéinst der Pandemie, war dëst Joer erëm eng Naturbotz an der Mierscher Gemeng. Natierlech goufen déi sanitär Reegele strikt agehalen a leider war de Patt an de Grill duerno um Camping nach net méiglech. D'nächst Joer dann awer hoffentlech erëm.
Virun 20 Joer sinn d'Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette (RMVA) ënnert dem Impuls vum Rosch Mirkes an d'Liewe geruff ginn. Am Mäerz gouf dee Gebuertsdag am Mierscher Kulturhaus gefeiert. Wéinst de Pandemie natierlech och am klenge Krees.
Vill Spaass beim Kucken !
An dëser Emissioun sprange mer fir d'éischt iwwer 57 Joer zeréck, a kucke wéi d'Nic Welter Schoul am Zentrum vu Miersch ageweit gouf, an duerno kucke mer, wéi se iwwert déi lescht Wochen
.. show full overview
An dëser Emissioun sprange mer fir d'éischt iwwer 57 Joer zeréck, a kucke wéi d'Nic Welter Schoul am Zentrum vu Miersch ageweit gouf, an duerno kucke mer, wéi se iwwert déi lescht Wochen a Méint, zesumme mam Albert Elsen Gebai an dem Parsall erëm ofgerappt gouf.
Vill Biller, Vill Erënnerungen.
Merci der Famill Laux an dem Nico Lucas fir de Film vun 1964. Merci dem Henri Krier fir een Deel vun de Biller.
An d'nächst Joer wäert dann eng nei Schoul um Site entstoen. Mä dozou méi an enger spéiderer Emissioun vu Miersch TV.
Merci fir d'Kucken a wéi ëmmer wiere mer ganz dankbar, wann der d'Sendung weider géift deelen.
Déi zukünfteg europäesch Schoul vu Miersch, den nach LCD, hat fir den Europadag ee flotte Rallye fir 150 Schüler am Mierscher Park organiséiert. Lëtzebuerg-Europa via Miersch ass de
.. show full overview
Déi zukünfteg europäesch Schoul vu Miersch, den nach LCD, hat fir den Europadag ee flotte Rallye fir 150 Schüler am Mierscher Park organiséiert. Lëtzebuerg-Europa via Miersch ass de Motto vum Projet d'établissement a mir hu mat de Responsabelen Carole Ney a Bernard Bram geschwat.
Den TC Miersch huet een neien Ulaf geholl. Net nëmmen am renovéierte Chalet ass erëm méi Liewen, mä och a virun allem um Terrain. Miersch TV war rezent op d'Porte Ouverte an der Wisestrooss.
Vill Spaass beim Kucken!
Et kënnt erëm esou lues mä sécher méi Beweegung an eist soziaalt Liewen. Dat gesi mer esou wuel an eisem éischte Reportage wéi och am Agenda.
D'Mierscher Theaterdeeg sinn eng ganz nei
.. show full overview
Et kënnt erëm esou lues mä sécher méi Beweegung an eist soziaalt Liewen. Dat gesi mer esou wuel an eisem éischte Reportage wéi och am Agenda.
D'Mierscher Theaterdeeg sinn eng ganz nei Initiative vum Mierscher Kulturhaus zesumme mam CNL, dem nationale Literaturarchiv. 4 Deeg laang stounge virun allem d'Auteuren am Mëttelpunkt an dat am Kulturhaus, mä och dobaussen.
Am zweete Reportage stelle mer Iech d'ALJ fir. Déi lokal Antenne vum SNJ ënnerstëtzen déi Jonk beim Iwwergank vun der Schoul an d'Beruffsliewen. Eng vun den 11 Antennen ass zu Miersch.
Um Enn huele mer Iech nach kuerz mat op de Camping an invitéieren op de Maart vum Gaart an Heem Biereng de 5. Juni.
Vill Spaass beim Kucken a bis geschwënn zu Miersch.
Net 5 mol Biereng, mä 2 mol Biereng heescht et an dëser Emissioun
Mir waren endlech emol erëm um Maart zu Biereng, deen och wéinst Covid-19 eng Paus vun engem Joer gemaach hat. Beim
.. show full overview
Net 5 mol Biereng, mä 2 mol Biereng heescht et an dëser Emissioun
Mir waren endlech emol erëm um Maart zu Biereng, deen och wéinst Covid-19 eng Paus vun engem Joer gemaach hat. Beim Gaart an Heem vu Biereng um Maart fënnt een net nëmme frësch Produite mä och nach Gespréich a Gesellegkeet.
Zu Biereng steet awer och eng grouss Kläranlag an dohinner huele mer Iech an eisem zweete Reportage mat. Mir erklären de Fonctionnement a schwätzen och mat de Responsabele vum SIDERO iwwert dëse Syndikat.
Miersch TV wënscht Iech ee schéinen Nationalfeierdag, leider nach ouni grousst Fest, mä awer mat Te Deum an Usprooch vum Buergermeeschter den 22. Juni 2021.
Dem Grand-Duc säi Gebuertsdag an der Grande-Duchesse Charlotte hir Strooss zu Miersch sinn eis Themen Enn Juni.
Och 2021 konnt eisen Nationalfeierdag nach net esou gefeiert ginn, wéi
.. show full overview
Dem Grand-Duc säi Gebuertsdag an der Grande-Duchesse Charlotte hir Strooss zu Miersch sinn eis Themen Enn Juni.
Och 2021 konnt eisen Nationalfeierdag nach net esou gefeiert ginn, wéi mir dat gewinnt sinn. Zu Miersch war awer den offiziellen Deel mat Cortège, Te Deum a Usprooch vum Buergermeeschter op der Méchelsplaz. Leider war déi gewinnte Party nach net méiglech. 2022 dann awer......
D'Rue Grande-Duchesse Charlotte gëtt zanter bal engem Joer nei amenagéiert. Miersch TV war emol kucken wou d'Aarbechten dru sinn a virun allem och ob se wéi geplangt am Hierscht (Oktober) fäerdeg ginn.
Merci fir d'Nokucken !
Mat der Mierscher Grondschoul ware mer mat 200 Kanner an de Park op den Outdoor-Schoulsportdag. De Jeff Elcheroth a seng Kolleegen hunn sech vill Aarbecht gemaach fir 21 Atelieren op
.. show full overview
Mat der Mierscher Grondschoul ware mer mat 200 Kanner an de Park op den Outdoor-Schoulsportdag. De Jeff Elcheroth a seng Kolleegen hunn sech vill Aarbecht gemaach fir 21 Atelieren op d'Been ze stellen.
Déi méi grouss Schüler vu Miersch, aus dem LCD an och aus dem LTETT, hunn zesumme mam Leader West an dem Kulturhaus ganz speziell Gäert beim Kulturhaus amenagéiert a Miersch TV war bei der Aweiung derbäi. De Claude Mangen, Pascale Defays an d'Christiane Eicher-Karier waren déck zefridden, dass de Projet, deen u sech méi grouss sollt ausfalen, net ganz an der Pandemie gestuerwen ass.
Puer ganz schwéier Woche leien hannert ville Mierscher Awunner. D'Héichwaasser huet vun engem Moment op deen anere Villes zerstéiert.
Mir weisen Iech fir den Ufank vun eiser Emissioun
.. show full overview
Puer ganz schwéier Woche leien hannert ville Mierscher Awunner. D'Héichwaasser huet vun engem Moment op deen anere Villes zerstéiert.
Mir weisen Iech fir den Ufank vun eiser Emissioun puer Dronenopname vum Henri Krier, déi den Ausmooss vun der Katastroph illustréieren.
Am zweete Reportage stelle mer Iech den ORT Guttland vir, dee säi Sëtz zu Miersch huet a fir déi touristesch Vermaartung vun der Regioun Zentrum/Westen zoustänneg ass. Dat ganzt Personal stoung eis Ried an Äntwert.
An um Enn weise mer Iech nach d'Club-Championnat vum Mierscher Turnveräin. D'Lindsay Kelly a seng Kolleegen a Kolleeginnen haten et net einfach, wëll scho kuerz no der Grënnung Enn 2019, koum d'Pandemie. Si hunn net opginn a mëttlerweil eng 150 Memberen.
Miersch TV kënnt elo fir d'nächst den 31. August 2021. Mir wënschen Iech eng schéi Vakanz, ee flotte Summer a bleift gesond.
Endlech mam Vëlo sécher vu Miersch op Schëndels.
De Service de Regie am Asaz fir d'Bierger.
A Sprooche léieren zu Miersch.
Dat sinn eis Sujeten an der Summer-Emissioun vu Miersch TV.
Endlech mam Vëlo sécher vu Miersch op Schëndels.
De Service de Regie am Asaz fir d'Bierger.
A Sprooche léieren zu Miersch.
Dat sinn eis Sujeten an der Summer-Emissioun vu Miersch TV.
D’Schoulvakanz hat mat enger Naturkatastroph ugefaangen. Grouss Deeler vu Miersch an den Dierfer ronderëm ware vun den Iwwerschwemmungen uerg getraff ginn. Mir kucken zeréck op dat wat
.. show full overview
D’Schoulvakanz hat mat enger Naturkatastroph ugefaangen. Grouss Deeler vu Miersch an den Dierfer ronderëm ware vun den Iwwerschwemmungen uerg getraff ginn. Mir kucken zeréck op dat wat geschitt ass, maache mam Buergermeeschter Michel Malherbe, dem Daniel Dallo vum Service Technique an dem Daniel Marques vum CGDIS CIS Miersch de Bilan, mä kucken awer och no vir, wat een an Zukunft kéint anescht oder besser maachen. Donieft hu mer awer och Biller vun de leschte groussen Iwwerschwemmungen zu Miersch am Joer 1993. Merci dem Nico Lucas dofir an dem Henri Krier fir d’Biller vun den Iwwerschwemmungen 2021.
Si brauchen d’Baachen an d’Flëss fir hirem Hobby no ze goen : d’Fraen a Männer, d’Jongen an d’Meedercher aus dem Fëscherveräi vu Miersch. Dee Club gëtt et elo scho 75 Joer an dat gouf natierlech gefeiert. Mä virdru ware mer awer emol mat hinne fëschen.
Merci fir ären Interessi a Merci fir d’Deele vun dëser Emissioun !
Den Eenelter Maart zu Recken ass erëm do an Är Meenung ass gefrot!
D'Kommunikatioun ass ëmmer an iwwerall ëmmer méi wichteg. Et ginn och ëmmer méi verschidde Mëttele fir ze
.. show full overview
Den Eenelter Maart zu Recken ass erëm do an Är Meenung ass gefrot!
D'Kommunikatioun ass ëmmer an iwwerall ëmmer méi wichteg. Et ginn och ëmmer méi verschidde Mëttele fir ze kommunikéieren, digital oder och traditionell op Pabeier zum Beispill. Wat hal dir vun der Kommunikatioun vun der Mierscher Gemeng ? Sot eis et a maacht mat beim Sondage. Mir si gespaant och wéi Miersch TV dobäi ofschneit.
Zu eisem Beräich vun der Kommunikatioun gehéiert jo och d'Liewen an de Veräiner an do si mer ganz frou, dass et erëm méi Fester a Manifestatioun ginn. Eent vun de groussen Evenementer ass den Eenelter Maart vum Dëschtennis Recken-Miersch an dee war erëm Ufank September a mir waren natierlech mat der Kamera derbäi.
Vill Spaass beim Kucken an deelt d'Emissioun roueg weider! Ee grousse Merci am Viraus!
3 mol Vëlo gëtt et an dëser Emissioun vu Miersch TV:
Et ass schonn Traditioun, dass den Tour de Luxembourg den Depart vun de leschter Etapp zu Miersch hëlt. De Buergermeeschter Michael
.. show full overview
3 mol Vëlo gëtt et an dëser Emissioun vu Miersch TV:
Et ass schonn Traditioun, dass den Tour de Luxembourg den Depart vun de leschter Etapp zu Miersch hëlt. De Buergermeeschter Michael Malherbe huet den Depart ginn an den Direkter vum Tour, Andy Schleck war ganz zefridde mat der Organisatioun vun der Gemeng.
Bësse méi gemittlech a relax ass et bei der Randonnée du Centre. Do sinn d'Cycliste wéinst der Pandemie no an no gestart an hunn déi 40 respektiv 80 km gemeeschtert. Den Henri Krier war wéi gewinnt un der Spëtzt vun der Organisatioun a stellt eis säin Team vir an hëlt eis mat op de Ravi.
An um Enn rulle mer dann och nach beim TOW, dem Taste on Wheels, mat. Deen ass vun de Bridder Lex a Laurent Reichling organiséiert. Iwwer 100 Coureuren si fir de gudden Zweck vu Miersch aus eng 100 km op Diddeleng, Déifferdeng an zeréck op Miersch gefuer.
Eng sportlech Editioun vu Miersch TV also de 15. Oktober 2021.
Ee grousse Merci fir d'Kucken. Bleift gesond a monter !
Mir gedenken den Affer vum zweete Weltkrich an komme mam Staatsminister an der Inneministerin nach eng Kéier zeréck op d'Iwwerschwemmunge vum Juli 2021.
Den nationale
.. show full overview
Mir gedenken den Affer vum zweete Weltkrich an komme mam Staatsminister an der Inneministerin nach eng Kéier zeréck op d'Iwwerschwemmunge vum Juli 2021.
Den nationale Commemoratiouns-Dag ass zu Miersch ëmmer eppes ganz Aussergewéinleches. Et ass keng Zeremonie wéi soss uechter d'Land mä den Deche Felix Steichen an den Erny Kohn ginn den Affer ee konkret Gesiicht an dat och dëst Joer erëm an engem Film vum Kevin Kohn, dee speziell fir dës Geleeënheet gedréit gouf.
D'Schied vun den Iwwerschwemmunge vum Juli 2021 si gréisstendeels net méi ze gesinn, vill Leit hunn awer nach mat den Nowéien an notamment de finanzielle Suite ze kämpfen. De Staatsminister Xavier Bettel an d'Inneministerin Taina Bofferding hunn sech zu Miersch nach eng Kéier ee Bild vun der Situatioun gemaach, ënnert anerem beim CGDIS, CIS Miersch.
Merci fir d'Kucken an Deelen vun der Emissioun !
Miersch huet zanter e puer Méint iwwer 10'000 Awunner. Déi nei Awunner ginn traditionell op enger Soirée am Oktober Wëllkomm geheescht an do stellen och d'Veräiner an Institutiounen sech
.. show full overview
Miersch huet zanter e puer Méint iwwer 10'000 Awunner. Déi nei Awunner ginn traditionell op enger Soirée am Oktober Wëllkomm geheescht an do stellen och d'Veräiner an Institutiounen sech vir. Natierlech gëtt et och ee Patt an ee Maufel. Eng flott Soirée an déi nei Awunner fillen sech zu Miersch elo nach méi doheem.
An der Wisestrooss zu Miersch steet zanter kuerzem ee risege Ballon. Dat ass déi nei opblosbar Tennis-Hal. Miersch TV war derbäi, wéi se opgeriicht ginn ass an dir kritt am Reportage all Informatiounen iwwert dës ganz speziell Tennis-Hal vum TC Miersch.
An dann erënnere mer och nach eng Kéier un d'Ëmfro iwwert d'Kommunikatioun. Merci dofir an no engem Joer Pandemie-Paus ass endlech och erëm de Mierscher Chrëschtmaart. Reservéiert Iech de 27. an den 28. November an da gesi mer eis alleguer op engem flotte Fest um Mierscher Chrëschtmaart.
Den Dag vum Bam an d'Kleederstuff zu Miersch sinn eis Sujeten Enn November bei Miersch TV.
Zu Biereng, net wäit vun der Hal Irbicht steet zanter kuerzem een neie Bam an eng nei Bänk.
.. show full overview
Den Dag vum Bam an d'Kleederstuff zu Miersch sinn eis Sujeten Enn November bei Miersch TV.
Zu Biereng, net wäit vun der Hal Irbicht steet zanter kuerzem een neie Bam an eng nei Bänk. Dëse Bam ass fir d'Kanner, déi 2020 gebuer goufen. Et ass schonn eng Traditioun, dass d'Gemeng um Dag vum Bam den Neigebuerenen eng Plaz an der Gemeng reservéiert. Och dës Joer waren erëm vill Eltere mat hire Kanner komm, fir hire Bam mat ze planzen.
Et muss net ëmmer nei sinn. Och gebrauchte Kleeder sinn dacks nach vu ganz gudder Qualitéit an an der Mierscher Kleederstuff dobäi och nach extrem bëlleg. Mir stellen Iech d'Kleederstuff vir an dir kënnt gären och emol Donneschdes Mëttes dohinner akafe goen.
Merci fir d'Nokucken an Deele vun eiser Emissioun an de 15. Dezember weise mer Iech flott Biller vum Mierscher Chrëschtmaart.
Endlech: De Chrëschtmaart ass erëm zeréck zu Miersch. No engem Joer Paus, war d'Méchelsplaz dëst Joer erëm voll mat flotte Chrëschtkaddoen, Iessen an Drénken a gudder Stëmmung. Op der
.. show full overview
Endlech: De Chrëschtmaart ass erëm zeréck zu Miersch. No engem Joer Paus, war d'Méchelsplaz dëst Joer erëm voll mat flotte Chrëschtkaddoen, Iessen an Drénken a gudder Stëmmung. Op der Méchelsplaz fält dëst Joer besonnesch deen imposante Chrëschtbeemchen op. Mir weisen Iech wou deen hir kënnt. Den Henri Krier huet e vun Iewerleng bis Miersch mat der Kamera suivéiert.
Miersch TV wënscht Iech an äre Léifsten schéi Feierdeeg a passt op Iech op.
Dat war et dann esou gutt wéi fir 2021.
Um leschten Dag vum Joer kucke mer wéi der dat bei Miersch TV gewinnt sidd, zeréck op déi lescht 12 Méint. Trotz Pandemie war awer vill lass an
.. show full overview
Dat war et dann esou gutt wéi fir 2021.
Um leschten Dag vum Joer kucke mer wéi der dat bei Miersch TV gewinnt sidd, zeréck op déi lescht 12 Méint. Trotz Pandemie war awer vill lass an der Gemeng. Et gouf vill geschafft an och d'Veräiner waren esou aktiv wéi et ebe méiglech war. Ee Joer am Réckbléck, dat bedeit natierlech och, dass eis Emissioun dës Kéier méi laang ass. Genéisst déi flott Momenter nach eng Kéier an ech hoffe mir gesinn eis alleguer 2022 bei beschter Gesondheet erëm an och wa mer dat virun 12 Méint scho gemengt haten, gi mer d'Hoffnung net op, dass mer de Virus dann awer dat nächst Joer lass ginn.
Bis geschwënn, Feiert gutt a passt op Iech an op déi Aner op !
Se faltam episódios ou banners (e eles existem no TheTVDB) você pode solicitar uma atualização automática :
Solicite uma atualização
Atualização solicitada