Você precisa estar logado para marcar um episódio como visto. Entrar ou registar.
Temporada 2022
Réck- an Ausbléck am Buergermeeschter an ee Krëppespill "On Tour" sinn eis éischt Sujeten am Joer 2022:
Mir hu kuerz virum Joreswiessel mam Buergermeeschter nach eng Kéier op d'Joer
.. show full overview
Réck- an Ausbléck am Buergermeeschter an ee Krëppespill "On Tour" sinn eis éischt Sujeten am Joer 2022:
Mir hu kuerz virum Joreswiessel mam Buergermeeschter nach eng Kéier op d'Joer 2021 zeréck gekuckt, ee Joer mat Pandemie an Iwwerschwemmungen. Mir hu mam Michel Malherbe awer och op d'Pläng a Projete vun der Gemeng fir 2022 beliicht.
Ee bësse méi speziellt Krëppespill weise mer Iech dann am zweete Reportage. Mat enger mobiller Bün goung et iwwer puer Statiounen duerch Miersch. Den Deche Felix Steichen a seng Ekipp haten sech vill Aarbecht gemaach an d'Resultat léist sech weisen.
Miersch TV a Local Lux TV wënschen Iech all ee schéint, glécklecht a gesond neit Joer 2022 !
Covid-Check am Kulturhaus an d'Duerf Recken sinn eis Sujeten Enn Januar an eiser Emissioun:
D'Kulturhaus huet déi lescht Zäit definitiv keng Chance. Bei d'Corona Mesure koum am Summer
.. show full overview
Covid-Check am Kulturhaus an d'Duerf Recken sinn eis Sujeten Enn Januar an eiser Emissioun:
D'Kulturhaus huet déi lescht Zäit definitiv keng Chance. Bei d'Corona Mesure koum am Summer dunn nach een enorme Schued duerch d'Iwwerschwemmungen derbäi. Elo leeft de Programm awer erëm normal, also esou normal, wéi et an dësen Zäite méiglech ass. Mir waren op de "Lidderflupp" mam Georges Urwald, Deborah Marinkovic a Martin Elmquist a weisen Iech ee flotte Concert a Covid-Zäiten.
Am zweete Reportage huele mer Iech mat op Recken. Dës Uertschaft huet vill ze bidden, ënnert anerem de Menhir, ee Schlass, d'Eenelter Kapell an ee ganz aktive Veräin. Merci eise Guidë Guy Pauly, Henri Krier, an Norbert Quintus.
An der Emissioun vu Mëtt Februar stelle mer Iech ee Mann vir, dee schonn zanter 40 Joer d'Liewen aus der Gemeng Miersch an Toun a Bild festhält. Den Nico Lucas hëlt eis mat a säi Studio
.. show full overview
An der Emissioun vu Mëtt Februar stelle mer Iech ee Mann vir, dee schonn zanter 40 Joer d'Liewen aus der Gemeng Miersch an Toun a Bild festhält. Den Nico Lucas hëlt eis mat a säi Studio a weist eis d'Entwécklung vun der Film- a Videotechnik zanter 1982.
Am zweete Reportage ware mer bei ee Veräin, deen zanter 2 Joer net méi senger gewinnter Aktivitéit nogoe kann : Déi Pëttener Theaterfrënn hunn och 2022 hir Virstellunge wéinst der Pandemie missen ofsoen.
Merci fir d'Kucken an Deelen !
"Si hëllefen" : Esou kéint een d'Emissioun vun Enn Februar 2022 iwwerschreiwen:
Fir d'éischt stelle mer Iech mam Zenterchef vum CIS Miersch deen neie Won vum CGDIS vir, deen zanter bal
.. show full overview
"Si hëllefen" : Esou kéint een d'Emissioun vun Enn Februar 2022 iwwerschreiwen:
Fir d'éischt stelle mer Iech mam Zenterchef vum CIS Miersch deen neie Won vum CGDIS vir, deen zanter bal engem Joer och bei Verkéiersaccidenter an den Asaz kënnt. D'Ekipp vum CIS Miersch huet dofir een Accident mat enger ageklemmter Persoun simuléiert.
Hëllef ass och d'Haaptzil vun der Stëmm vun der Strooss. Si hëllefen a ganz ënnerschiddleche Situatiounen. An der Mierscher Gemeng hunn se ee Post-Therapie Zenter zu Schëndels. Mir hunn ënnert anerem mat zwee Betraffene geschwat, déi jorelaang an der Drogenzeen dra waren an sech zu Schëndels op d'Liewen ouni Droge preparéieren.
Merci fir d'Kucken an ee grousse Merci och wann dir d'Emissioun géift weider deelen !
D'Fréijoer steet virun der Dier. Mir hunn de Wanter viru kuerzem um Buergbrenne verbrannt. Miersch TV war zu Biereng derbäi, awer net nëmmen Owes, wéi d'Buerg gebrannt gouf, mä och bei
.. show full overview
D'Fréijoer steet virun der Dier. Mir hunn de Wanter viru kuerzem um Buergbrenne verbrannt. Miersch TV war zu Biereng derbäi, awer net nëmmen Owes, wéi d'Buerg gebrannt gouf, mä och bei de Preparative vun Ophiewen, iwwer Ierbsebulli kachen, Buerg bannen an da Brennen.
An dann huele mer Iech nach mat an déi nei Brasserie. "Beim Méchel" ass zanter Uganks Mäerz op. Et hat nawell laang gedauert bis dëse Projet vun der Gemeng fäerdeg war, mä d'Resultat léist sech wierklech weisen.
Vill Spaass beim Kucken !
Miersch ass eng Gemeng mat vill Natur, mat ganz ville Bëscher. Leider gëtt déi Natur awer net ëmmer respektéiert a vill Knascht einfach an der Natur entsuergt. Fir ze Botzen an awer och
.. show full overview
Miersch ass eng Gemeng mat vill Natur, mat ganz ville Bëscher. Leider gëtt déi Natur awer net ëmmer respektéiert a vill Knascht einfach an der Natur entsuergt. Fir ze Botzen an awer och fir ze sensibiliséieren organiséiert de Syndicat d'Initiative all Joer eng Naturbotz a bei herrlechem Wieder ware ronn 150 Leit um Rendezvous.
Am zweete Reportage presentéiere mer Iech een Deel vun de Resultater vun der Ëmfro iwwer d'Kommunikatioun an der Gemeng Miersch. De Prozess ass awer nach net ganz ofgeschloss. Dir kënnt deemnächst op Workshoppe mat diskutéieren a Propose maachen.
Um Enn dann nach eisen Agenda a schonn e puer Andréck vum Concert fir d'Ukrain vun de "Singers Unlimited and Friends". Méi dozou awer och an eiser nächster Emissioun de 15. Abrëll 2022.
Merci fir d'Kucken !
Uechter d'ganzt Land an natierlech och zu Miersch weisen d'Leit sech zanter Woche solidaresch mat de Mënschen an der Ukrain. Enn Mäerz haten den Jimmy Wagner a Ricardo Vieira mat de
.. show full overview
Uechter d'ganzt Land an natierlech och zu Miersch weisen d'Leit sech zanter Woche solidaresch mat de Mënschen an der Ukrain. Enn Mäerz haten den Jimmy Wagner a Ricardo Vieira mat de Singers Unlimited and Friends op ee flotte Concert an de Park zu Miersch invitéiert. Ganz vill Leit ware komm an déi hunn um Enn 4'300 € fir d'Mënschen am Misär gespent. Ee grousse Merci dofir !
Am zweete Reportage huele mer Iech mat op d'Energiezentral zu Miersch a schwätzen do mat deene Responsabelen iwwert de Service Ecologique vun der Gemeng.
Merci fir d'Nokucken an Deele vun der Emissioun !
An der Emissioun vun Enn Abrëll 2022 dréint sech alles ronderëm d'Buch a Kultur
D'Librairie Ernster huet am Hierscht hiren 10te Buttek opgemaach an huet dëst neit Geschäft um
.. show full overview
An der Emissioun vun Enn Abrëll 2022 dréint sech alles ronderëm d'Buch a Kultur
D'Librairie Ernster huet am Hierscht hiren 10te Buttek opgemaach an huet dëst neit Geschäft um Mierscherbierg am Topaze dann och elo endlech offiziell an a Presenz vu villen Invitéeë konnten aweien.
Am zweete Reportage schloe mer d'Theaterbicher op. Viru kuerzem war erëm de FEST (Festival of English Language School Theatre) am Mierscher Kulturhaus. Schüler spillen do Theater an der Sprooch vum Shakespeare an dat mat vill Engagement an Erfolleg.
No engem Joer Pandemie-Paus konnt endlech erëm eng Seniorefeier vun der Mierscher Gemeng organiséiert ginn. Et war ee flotten Nomëtteg mat guddem Iessen, flotte Gespréicher an engem Tour
.. show full overview
No engem Joer Pandemie-Paus konnt endlech erëm eng Seniorefeier vun der Mierscher Gemeng organiséiert ginn. Et war ee flotten Nomëtteg mat guddem Iessen, flotte Gespréicher an engem Tour op der Danzpist. Den drëtten Alter war ganz zefridden, dass och si endlech erëm ee groussen Deel vum gesellschaftleche Liewen zeréck hunn.
Wann de Jérôme Allard vun der Mierscher Gemeng : "Fir d'éischt, fir d'zweet a fir d'drëtt" duerch d'Mierscher Bëscher rifft, dann ass erëm Zäit fir d'Holzstee. 50 Kouerte koumen ënnert den Hummer, oder ënnert dem Jérôme säi Bengel. D'Gemeng hält déi Suen awer net selwer mä gëtt se un de Kiwanis Club Uelzechtdall, deen se am Kader vu senge Projete fir d'Affer vum Krich an der Ukrain weider gëtt.
Europa liewen, dat ass Alldag an der EIMAB, der neier internationaler Schoul zu Miersch. Europa spilleresch erliewen an nach dobäi léieren, dat war d'Zil vum Europa-Rallye virum
.. show full overview
Europa liewen, dat ass Alldag an der EIMAB, der neier internationaler Schoul zu Miersch. Europa spilleresch erliewen an nach dobäi léieren, dat war d'Zil vum Europa-Rallye virum Europadag am Mierscher Park. An nom Rallye an engem Picknick um Site vun der Schoul, krut d'EIMAB och nach de Fairtrade Label vu Fairtrade Lëtzebuerg iwwerreecht.
D'Mierscher Gare ass schonn zanter enger Zäit amgaangen hiert Gesiicht ze änneren. D'Busgare ass scho ganz nei an un der Zuchgare, de Gleiser an de Quaie gëtt nach geschafft. An da kënnt jo och nach ee Parkhaus derbäi. Miersch TV huet d'Detailer iwwer dëse Schantjen.
Merci dass der Miersch TV kuckt a ganz léif wier et, wann der d'Emissioun och kéint deelen !
Ganz sportlech si mer Mëtt Juni ënnerwee:
Am éischte Reportage huele mer Iech mat op d'Éierung vun de beschte Sportler aus der Gemeng vun de Saisonen 2019-2020 an 2020-2021.
.. show full overview
Ganz sportlech si mer Mëtt Juni ënnerwee:
Am éischte Reportage huele mer Iech mat op d'Éierung vun de beschte Sportler aus der Gemeng vun de Saisonen 2019-2020 an 2020-2021. D'Presidentin vun der Sportskommissioun vun der Gemeng, d'Carmen Kohnen konnt 25 Eenzelsportler a 27 Ekippen hir Medailen iwwerreechen.
De Stärentour, deen Elterevertrieder vu Miersch organiséiert hate war keng sportlech Competitioun, dofir awer eng flott Iddi fir de Kanner ze weise wéi einfach a flott ee mam Vëlo an d'Schoul kënnt. Vun iwwerall aus der Gemeng sinn d'Kanner op de Krounebierg gefuer.
A sportlech geet et och Enn Juni weider, da mat der "Nuit des sports" a mir hunn dann och d'Biller vun Nationalfeierdag, wou der häerzlech invitéiert sidd, den 22. Juni 2022.
Ee Fest, wat endlech erëm do ass, an een neit Fest presentéiere mer Iech an dëser Emissioun:
Endlech konnt erëm Nationalfeierdag esou richteg gefeiert ginn an dat kënnen se zu Miersch.
.. show full overview
Ee Fest, wat endlech erëm do ass, an een neit Fest presentéiere mer Iech an dëser Emissioun:
Endlech konnt erëm Nationalfeierdag esou richteg gefeiert ginn an dat kënnen se zu Miersch. Mir huelen Iech mat an de Cortège, den Te Deum an op dat grousst Volleksfest op der Méchelsplaz.
Miersch huet ënnert dem Impuls vu Fit Kanner Miersch eng éischte Kéier bei der "Nuit du sport" mat gemaach an dat war ee risegroussen Erfolleg. Op e sëllegen Ateliere konnt een déi verschidde Sportaarten ausprobéieren an och emol ganz neier entdecken.
Vergiesst net de Festival "Mir si Miersch" den 9ten an 10te Juli a mir gesinn eis da Mëtt Juli zeréck.
Merci fir d'Kucken !
D'Wieder hat et Enn Juni net all ze gutt mat den Organisateure vun der Braderie an dem Summerfest am Mierscher Kannerduerf gemengt an awer ware vill Leit op déi zwou Manifestatioune
.. show full overview
D'Wieder hat et Enn Juni net all ze gutt mat den Organisateure vun der Braderie an dem Summerfest am Mierscher Kannerduerf gemengt an awer ware vill Leit op déi zwou Manifestatioune komm.
Souwuel d'Geschäftsleit vu Miersch, wéi och déi Responsabel aus dem Kannerduerf ware frou, dass se no 2 Joer Pandemie-Paus endlech erëm konnten hir gewinnte Fester organiséieren.
Bei beschtem Wieder ass déi éischt Editioun vu "Mir si Miersch" iwwert d'Bün gaangen. Mir stëmmen Iech e bëssen op de Festival an a weisen Iech ee méi komplette Reportage an eiser Emissioun vun Enn Juli.
Vill Spaass beim Kucken !
ENDLECH ! Esou kann een d'Emissioun vum 31.07.2022 vu Miersch TV iwwerschreiwen:
Nodeems schonn 2019 um Festival "Mir si Miersch" geplangt gouf an d'Pandemie dat Event 2020 gestoppt
.. show full overview
ENDLECH ! Esou kann een d'Emissioun vum 31.07.2022 vu Miersch TV iwwerschreiwen:
Nodeems schonn 2019 um Festival "Mir si Miersch" geplangt gouf an d'Pandemie dat Event 2020 gestoppt hat, konnt elo ENDLECH déi éischt Editioun iwwert d'Bün goen. Mir hu mat engem vu den Organisateuren, dem Marvin Caldarella Weis, an den zwee Museker Ricardo Vieira a Serger Tonnar geschwat.
ENDLECH konnt da viru kuerzem och déi offiziell Ouverture vum ATP Atelier Licorne gefeiert ginn. Dat Geschäft matten a Miersch hat schonn 2021 eng éischte Kéier opgemaach, gouf awer du kuerz drop och uerg vun den Iwwerschwemmunge getraff. Fir d'Ouverture war ënnert anerem och d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert op der Plaz.
Miersch TV ass den 31. August erëm fir Iech do. Ee schéine Summer, bleift gesond a monter a bis geschwënn !
Nach 2 Wochen, dann ass d'Schoulvakanz schonn erëm eriwwer.
Mir huelen Iech an eiser Vakanzen-Editioun vu Miersch TV mat an d'SOS Kannerduerf zu Miersch a mir kommen op eng ganz flott
.. show full overview
Nach 2 Wochen, dann ass d'Schoulvakanz schonn erëm eriwwer.
Mir huelen Iech an eiser Vakanzen-Editioun vu Miersch TV mat an d'SOS Kannerduerf zu Miersch a mir kommen op eng ganz flott Manifestatioun vum Juli zeréck : D'Schlassfest zu Schëndels.
Vill Spaass beim Kucken a bis de 15. September !
Fir déi eng ass d'Vakanz eriwwer, an et heescht nees an d'Schoul, op d'Schaff, fir déi aner geet et an d'Pensioun. De Claude Adam vun Déi Gréng huet no ronn 23 Joer déi politesch
.. show full overview
Fir déi eng ass d'Vakanz eriwwer, an et heescht nees an d'Schoul, op d'Schaff, fir déi aner geet et an d'Pensioun. De Claude Adam vun Déi Gréng huet no ronn 23 Joer déi politesch Pensioun am Mierscher Gemengerot geholl a mir hu mat him op déi laang Zäit am Déngscht vum Bierger zeréck gekuckt.
Mam Guy Pauly, Henri Krier an dem Kënschtler Serge Weis geet et duerno op Rolleng. Déi 3 stellen eis dës zweetgréisst Uertschaft aus der Gemeng Miersch am Detail vir.
Um Enn nach de Bléck an den Agenda mat do haaptsächlech der NEIER KIERMES zu Miersch. Loosst iech iwwerraschen a verpasst se net de Weekend vum 23.09-25.09 op der Méchelsplaz.
Merci fir d'Kucken !
De September war gutt gefëllt am Manifestatiounskalenner vun der Gemeng Miersch.
Mir huelen Iech an der Emissioun vun Enn September mat op zwee Eventer, déi op engem Dag waren :
Deen
.. show full overview
De September war gutt gefëllt am Manifestatiounskalenner vun der Gemeng Miersch.
Mir huelen Iech an der Emissioun vun Enn September mat op zwee Eventer, déi op engem Dag waren :
Deen Eenelter Maart zitt traditionell ganz vill Leit aus dem ganze Land op Recken an och dës Kéier war dësen traditionelle Maart vum DT Recke/Miersch ee groussen Erfolleg.
Moies fréi scho waren déi éischt Cyclisten um Depart vun der Randonnée du Centre, déi ëmmer am Mierscher Park start an och erëm do ukënnt.
Op déi aner Manifestatioune vum September, dem Kürbisfest, dem Depart vum Tour de Luxembourg an der Mierscher Kiermes, komme mer am Oktober zeréck.
De Kürbis ass erëm zeréck zu Biereng an den Tour du Luxembourg mam Vëlo huet wéi all Joer den Depart fir déi lescht Etapp zu Miersch geholl.
D'Kürbisfest 2022 an de Skoda Tour de Luxembourg sinn eis Sujete Mëtt Oktober.
Vill Spaass beim Kucken !
De Kürbis ass erëm zeréck zu Biereng an den Tour du Luxembourg mam Vëlo huet wéi all Joer den Depart fir déi lescht Etapp zu Miersch geholl.
D'Kürbisfest 2022 an de Skoda Tour de Luxembourg sinn eis Sujete Mëtt Oktober.
Vill Spaass beim Kucken !
Freed a Leed weise mer Iech dës Kéier bei Miersch TV:
All Joer am Oktober gëtt un déi grausam Verbriechen aus dem zweete Weltkrich erënnert. Zu Miersch geschitt dat ëmmer op eng
.. show full overview
Freed a Leed weise mer Iech dës Kéier bei Miersch TV:
All Joer am Oktober gëtt un déi grausam Verbriechen aus dem zweete Weltkrich erënnert. Zu Miersch geschitt dat ëmmer op eng impressionant Manéier. D'Ekipp ronderëm den Deche Felix Steichen mam Erny Kohn an dem Kevin Kohn erënnert dëst Joer an engem Film un d'Schicksal vum Régine Garçon.
Duerno maache mer ee grousse Sprong a ginn op déi nei Mierscher Kiermes mat Spill a Spaass fir Jonk an Al. Déi éischt Editioun vun der neier Kiermes vun der Mierscher Gemeng war ee groussen Erfolleg op deen sech fir déi nächst Joren opbaue léist.
3 Sujeten hu mer an der Emissioun vum 15. November fir Iech:
Enn Oktober sinn déi nei Awunner aus der Gemeng am Kulturhaus begréisst ginn an d'Veräiner an Institutiounen hu sech
.. show full overview
3 Sujeten hu mer an der Emissioun vum 15. November fir Iech:
Enn Oktober sinn déi nei Awunner aus der Gemeng am Kulturhaus begréisst ginn an d'Veräiner an Institutiounen hu sech virgestallt.
Zu Recken ware mer op eng intressant Konferenz iwwert de Klimawandel.
D'Arméi hat sech Miersch eraus gesicht fir do den 30ten Anniversaire vun den Auslandsmissiounen ze feieren.
Mir wënschen Iech vill Freed beim Kucken a bis geschwënn zu Miersch. Am beschte schonn de 26.ten a 27te November um Chrëschtmaart.
Et muss net ëmmer nei sinn, kéint een d'Emissioun vun Enn November iwwerschreiwen!
Fir d'éischt weise mer Iech déi restauréiert Uergel an der Mierscher Kierch. D'Uergel aus dem Joer
.. show full overview
Et muss net ëmmer nei sinn, kéint een d'Emissioun vun Enn November iwwerschreiwen!
Fir d'éischt weise mer Iech déi restauréiert Uergel an der Mierscher Kierch. D'Uergel aus dem Joer 1956 ass vun der Firma Hugo Mayer souzesoe ganz nei gemaach ginn an si gouf dann och kierzlech ganz feierlech, mat engem Concert vun den Organiste Luss Steffen a Carlo Philippe ageweit.
Och wéi nei sinn déi Vëloen a Kleeder, déi der an den zwee neie Butteker vu CNDS Nei Aarbecht zu Miersch fannt. Dës Geschäfter, wou der och äre Vëlo gefléckt kritt, goufe viru kuerzem a Presenz vun der Ministesch Corinne Cahen ageweit.
An am leschte Reportage bleiwe mer bei gebrauchte Kleeder, déi der no der Pandemie-Paus elo erëm zweemol d'Joer um Second-Hand vun de Jeunes Mamans vu Miersch fannt.
Op de Chrëschtmaart komme mer dann de 15. Dezember zeréck an da weise mer Iech och Biller vum Dag vum Bam.
Merci fir d'Nokucken a bis geschwënn zu Miersch !
De Chrëschtbam an d'Buch, also de Bam, net dat fir ze liesen, stinn an dëser Emissioun am Mëttelpunkt:
Endlech no 2 Joer war erëm ee richtege Chrëschtmaart : Ouni Masken, ouni
.. show full overview
De Chrëschtbam an d'Buch, also de Bam, net dat fir ze liesen, stinn an dëser Emissioun am Mëttelpunkt:
Endlech no 2 Joer war erëm ee richtege Chrëschtmaart : Ouni Masken, ouni Covid-Check, ouni Restriktiounen a mat Kleeschen. An de Mierscher Chrëschtmaart, deen ëmmer méi grouss gëtt, war erëm ee risegen Erfolleg.
Um Dag vum Bam, kréien déi Neigebueren aus dem Joer virdrun (also 2021) ëmmer ee Bam gesat. Dës Kéier war et eng Buch, an déi steet zu Rolleng.
Miersch TV wënscht Iech schéi Chrëschtdeeg a mir gesinn eis Silvester fir déi lescht Emissioun vun 2022 mat engem Réckbléck op dat ganzt Joer.
Um leschten Dag vum Joer kucke mer zeréck op all déi Reportagen, déi mer Iech am Joer 2022 gewisen hunn.
An engem Zesummeschnëtt vu ronn 30 Minutten huele mer Iech mat op all
.. show full overview
Um leschten Dag vum Joer kucke mer zeréck op all déi Reportagen, déi mer Iech am Joer 2022 gewisen hunn.
An engem Zesummeschnëtt vu ronn 30 Minutten huele mer Iech mat op all Organisatiounen, Manifestatiounen an Evenementer, déi d'Gemeng Miersch am Joer 2022 ze bidden hat. An dir wësst : Zu Miersch ass ëmmer eng lass!
Dat wäert och 2023 esou bleiwen an do gesi mer eis hoffentlech op där enger oder anerer Manifestatioun.
Miersch TV wënscht Iech Alles Guddes fir dat neit Joer, virun allem Gesondheet a Merci, dass dir eis Emissiounen ëmmer kuckt a weider deelt !
Se faltam episódios ou banners (e eles existem no TheTVDB) você pode solicitar uma atualização automática :
Solicite uma atualização
Atualização solicitada