Você precisa estar logado para marcar um episódio como visto. Entrar ou registar.
Temporada 2020
Am éischte Reportage sprange mer nach eng Kéier zeréck an dat aalt Joer, bei den nationale Literatur-Concours. Déi bescht Auteure goufen am Centre national de littérature (CNL) -
.. show full overview
Am éischte Reportage sprange mer nach eng Kéier zeréck an dat aalt Joer, bei den nationale Literatur-Concours. Déi bescht Auteure goufen am Centre national de littérature (CNL) - Lëtzebuerger Literaturarchiv vun der Kulturministerin Sam Tanson ausgezeechent. Gewënner sinn de Samuel Hamen d' Olivia Katrandjian an d' Anja Nancy Di Bartolomeo. Bei de jonken Auteuren huet den Antoine Pohu deen éischte Präis kritt. Mir hunn awer och mam President vum Jury, dem Jerome Jaminet geschwat.
Am Mierscher Kulturhaus kënnt der nach bis an de Mäerz de Spektakel "Um Stamminee" erliewen. D Regie bei dëser flotter Revue iwwert d'60er a 70er Joren mat Texter vum Pir Kremer, féiert den Direkter Claude Mangen. Mir weisen Iech Extraiten aus der leschter Prouf.
A fir beim PIK, dem Pir Kremer ze bleiwen, huele mer Iech och nach mat op de Vernissage vun der Ausstellung "ZesummegePIKtes", déi an enker Zesummenaarbecht mam CNA an dem CNL op d'Bee gestallt gouf.
Am éischte Reportage stelle mer Iech den neie Schäffe vu Miersch vir. Den Krier Henri ass deene meeschten awer bekannt zu Miersch. Mir ware bei senger Vereedegung am Ministère de
.. show full overview
Am éischte Reportage stelle mer Iech den neie Schäffe vu Miersch vir. Den Krier Henri ass deene meeschten awer bekannt zu Miersch. Mir ware bei senger Vereedegung am Ministère de l'Intérieur Luxembourg derbäi. An der nächster Emissioun maache mer dann och de Bilan mam Abby Toussaint iwwer seng zwee Joer als Schäffen vun Administration communale de Mersch.
Iwwer 300 Leit waren op d'Seniorefeier vun der Mierscher Gemeng komm. Déi war dës Kéier an engem neie Kader um Krounebierg an d'Leit waren all déck zefridden. Dës Feier gëtt vun der Sozialkommissioun a Kommissioun vum drëtten Alter ënnert dem President Romain Miny organiséiert a selbstverständlech huet och de Buergermeeschter Michel Malherbe deenen eelere Leit MERCI gesot.
Zum Ofschloss huele mer Iech dann nach mat an den Theater vun de Pëttener Theaterfrënn. Déi feieren dëst Joer hire 75te Gebuertsdag an hunn am Januar wéi ëmmer d'Leit begeeschtert.
Um Enn dann nach den Agenda mat ganz vill Fuesstëmmung.
Vill Spaass beim kucken !
Sport, Aktivitéite fir Leit iwwer 50 Joer an de Bilan mam Ex-Schäffen sinn eis Themen Mëtt Februar bei Miersch TV.
30 Eenzelsportler an 19 Equipen goufen dëst Joer op der
.. show full overview
Sport, Aktivitéite fir Leit iwwer 50 Joer an de Bilan mam Ex-Schäffen sinn eis Themen Mëtt Februar bei Miersch TV.
30 Eenzelsportler an 19 Equipen goufen dëst Joer op der Sportleréierung vun der Administration communale de Mersch vun der Sportskommission Miersch ausgezeechent. All d'Gewënner gesidd der am Reportage.
2 Joer war den Abby Toussaint Schäffen zu Miersch, elo ass hien nees Conseiller, esou wéi et am Koalitiounsvertrag ofgemeet gi war. Mir hunn ee klenge Bilan mam Abby gemeet.
De Club Uelzechtdall gëtt et schonn zanter 20 Joer. 9 Gemengen bidden de Leit iwwer 50 Joer all méiglech Aktivitéiten un. Dëst Joer war et un der Mierscher Gemeng fir op de Neijoschpatt z'invitéieren. Mir hu mam President Paul Bach iwwert d'Aktivitéite vum Club Uelzechtdall geschwat.
Um Enn vun der Emissioun wéi gewinnt den Agenda.
Vill Spaass beim Kucken !
An der Mierscher Gemeng liewe Leit vu ronn 100 verschiddenen Nationalitéiten. Et ass der Administration communale de Mersch immens wichteg dës Mënschen z'integréieren. Dat geschitt
.. show full overview
An der Mierscher Gemeng liewe Leit vu ronn 100 verschiddenen Nationalitéiten. Et ass der Administration communale de Mersch immens wichteg dës Mënschen z'integréieren. Dat geschitt ënnert anerem iwwer Fester, wéi d'Soirée, déi d'Integratiounskommissioun all Joer am Januar organiséiert. Dës Kéier goung et kulinaresch a China.
An engem Noutfall séier hëllefe kënnen, ka Liewe retten. Dofir sinn éischt Hëllef Coursen esou wichteg an de CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours, zesumme mat de Mierscher Pompjeeën asbl, organiséiere vun Zäit zu Zäit esou Coursen. Mir waren derbäi, wéi den Defibrilator erkläert gouf
Ee ganz gutt gefëllten Agenda dann um Enn, mat Konferenzen, Concert, der Naturbotz an dem Second-Hand.
Vill Spaass beim Kucken a sot eis roueg Bescheed, wann der eng Iddee fir ee flotte Reportage hutt.
Sportlech Kanner, d'Buergbrennen zu Pëtten an de Wëllen um Enn vum Liewen, sinn eis ganz ënnerschiddlech Sujeten an der Emissioun vu Mëtt Mäerz.
D'Kanner ganz fréi un de Sport eru
.. show full overview
Sportlech Kanner, d'Buergbrennen zu Pëtten an de Wëllen um Enn vum Liewen, sinn eis ganz ënnerschiddlech Sujeten an der Emissioun vu Mëtt Mäerz.
D'Kanner ganz fréi un de Sport eru féieren : dat ass d'Zil vu Fit Kanner Miersch, déi et elo schonn zanter 10 Joer ginn. Mir waren op der sportlecher Gebuertsdagsparty an hunn ënnert anerem mam President Michel Reiland, dem Coordinateur Steve Fischbach an natierlech och mat de jonke Sportler geschwat.
De Wanter ass verbrannt, d'Fréijoer ka kommen. Wéi all Joer hunn op Buergsonndeg och vill Buergen an der Mierscher Gemeng gebrannt a mir hunn eis dës Kéier fir déi zu Pëtten entscheed.
Ee méi eechte Sujet dann um Enn : Den Dout an d'Enn vum Liewen. Et ass net ëmmer einfach sech domatter auserneen ze setzen an awer sollt ee fréi driwwer nodenken, wat een selwer wëll, dass geschitt, wann een schwéier krank ass. D'Sozialkommissioun mam President Romain Miny an Omega 90 haten op eng Konferenz invitéiert.
Miersch TV kënnt dës Kéier puer Deeg éischter an dat aus Aktualitéitsgrënn :
Déi aktuell sanitär Kris betrëfft eis all. Mir mussen, souwäit et méiglech ass, Doheem bleiwen. Och
.. show full overview
Miersch TV kënnt dës Kéier puer Deeg éischter an dat aus Aktualitéitsgrënn :
Déi aktuell sanitär Kris betrëfft eis all. Mir mussen, souwäit et méiglech ass, Doheem bleiwen. Och d'Gemenge si gefuerdert a maachen alles fir Iech, esou gutt et méiglech ass, duerch d'Corona-Kris ze hëllefen.
An dëser Emissioun adresséiert de Buergermeeschter Michel Malherbe sech un d'Leit aus der Gemeng
Mir kucken awer och zeréck op de Second-Hand vun de Jeunes Mamans Miersch, deen Uganks Màerz war
Op d'Re-Organisatioun vum RGTR an den engleschsproochegen Theater komme mer dann an den nächsten Emissiounen zeréck.
Passt op Iech op a bleift gesond !
Leider si mer nach ëmmer an der sanitärer Kris an all Manifestatioune sinn ofgesot. An dëser Kris hëlleft Administration communale de Mersch a vill aner Leit a Veräiner esou gutt et geet
.. show full overview
Leider si mer nach ëmmer an der sanitärer Kris an all Manifestatioune sinn ofgesot. An dëser Kris hëlleft Administration communale de Mersch a vill aner Leit a Veräiner esou gutt et geet :
Guiden a Scouten Miersch- Grupp St Michel gi vir déi vulnerabel Leit akafen. Mir ware mat an de Supermarché an an d'Apdikt a konnten eis iwwerzeege wéi glécklech déi betraffe Leit sinn, dass si esou gehollef kréien.
Nach virun der Kris ass d'Reform vum RGTR Busreseau zu Miersch virgestallt ginn. Mir kucken op déi Versammlung mam Transportminister François Bausch zeréck.
Bleift gesond a bleift doheem, da packe mer et zesummen.
D'Touriste-Saison huet ugefaangen…..oder besser gesot hätt ugefaangen, mä de Corona-Virus huet och do ee Stréch durch d’Rechnung gemeet. Mir waren eis d’Situatioun op de Camping
.. show full overview
D'Touriste-Saison huet ugefaangen…..oder besser gesot hätt ugefaangen, mä de Corona-Virus huet och do ee Stréch durch d’Rechnung gemeet. Mir waren eis d’Situatioun op de Camping Krounebierg - Syndicat d'Initiative et de Tourisme... ukucken. Een eidele Camping, deen drop waard endlech kënnen déi éischt Touriste fir dëst Joer ze begréissen.
Nieft villen anere Manifestatiounen muss och déi traditionell Holzstee ofgesot ginn. Et gëtt awer trotzdem Holz aus de Mierscher Bëscher verkaf an zwar vum 4. Mee un. Wéi dat genee funktionéiert erkläre mer Iech an engem Reportage.
An um Enn weise mer Iech nach Biller, déi d’Kanner aus der Mierscher Gemeng gemoolt hunn fir Merci ze soen a Courage ze wënschen.
Héije Besuch an ee Gemengerot op enger ongewinnter Plaz, sinn eis Sujeten dës Kéier bei Miersch TV.
An enger Hal zu Miersch si Millioune Masken an aner wichteg Artikelen, fir an der
.. show full overview
Héije Besuch an ee Gemengerot op enger ongewinnter Plaz, sinn eis Sujeten dës Kéier bei Miersch TV.
An enger Hal zu Miersch si Millioune Masken an aner wichteg Artikelen, fir an der Corona Kris ze hëllefen, stockéiert. De CGDIS - Corps grand-ducal d'incendie et de secours mécht d'Verdeelung vun hei aus uechter d'ganzt Land. Wéi a wou dat geschitt huet och de Grand-Duc Henri intresséiert, dee fir eng kuerz Visit zu Miersch war.
De Rittersall am Mierscher Schlass ass ze kleng fir déi néideg Distanze bei Gemengerots-Sëtzungen ze garantéieren. Dofir ass de Conseil elo schonn eng zweete Kéier bei den Noper, an d'Nic Welter Schoul, geplënnert. Miersch TV huet sech mat Vertrieder vun DP, CSV, Déi Gréng an LSAP iwwert d'Corona Kris ënnerhal.
Bleift gesond !
Leider si jo den Ament nach ëmmer all Manifestatiounen ofgesot. Mir huelen Iech dës Kéier bei Miersch TV awer mat op een Theater Festival, deen nach esou ganz just virun der Corona-Kris
.. show full overview
Leider si jo den Ament nach ëmmer all Manifestatiounen ofgesot. Mir huelen Iech dës Kéier bei Miersch TV awer mat op een Theater Festival, deen nach esou ganz just virun der Corona-Kris war an als zweete Sujet weise mer Iech den Europadag.
Een Europadag mat bësse gedréckter Stëmmung war et dëst Joer uechter dat ganzt Land, wëll eis Noperen gréisstendeels d'Grenzen zou gemeet haten. Eng kleng Feier gouf et dann awer zu Miersch.
FEST, esou heescht de Festival vum engelschsproochegen Theater, deen nach esou just virun der sanitärer Kris am Kulturhaus zu Miersch war. Mir kucken op dee Festival mat senge villen engagéierte Jonken zeréck.
2020 ass net villes wéi gewinnt, och net den Nationalfeierdag. Do wou soss den 22. Juni gefeiert gëtt, op der Méchelsplaz, ass dëst Joer näischt lass. Mir kucken eng Kéier ganz kuerz
.. show full overview
2020 ass net villes wéi gewinnt, och net den Nationalfeierdag. Do wou soss den 22. Juni gefeiert gëtt, op der Méchelsplaz, ass dëst Joer näischt lass. Mir kucken eng Kéier ganz kuerz zeréck op d’Feierlechkeeten 2019 an hunn och ee Message vum Buergermeeschter zum Nationalfeierdag 2020.
Vun engem Dag op deen aneren gouf dat ëffentlecht Liewen zu Lëtzebuerg staark ofgebremst. Och an den nationalen Institutiounen, wéi dem Literaturarchiv zu Miersch. Mir hu mam Nach-Direkter iwwert d’Covid-19 Zäit a sengem Haus an awer och iwwert säin Départ geschwat.
Merci fir d’Kucken!
D'Mierscher Musik huet drop gehalen fir op Nationalfeierdag awer op d'mannst d'Heemecht an d'Sonnerie Nationale ze spillen. Dofir war eng Zeremonie am ganz klenge Kader beim Schlass vun
.. show full overview
D'Mierscher Musik huet drop gehalen fir op Nationalfeierdag awer op d'mannst d'Heemecht an d'Sonnerie Nationale ze spillen. Dofir war eng Zeremonie am ganz klenge Kader beim Schlass vun der Gemeng. Duerno huet d'Musik ee Concert am Park gespillt.
Am Kulturhaus huet de Programm am Mäerz och misse vun engem Dag op deen anere gestoppt ginn. Mir hu mam Direkter Claude Mangen iwwert seng éischt Saison, déi hie sécher ni vergësst, an och iwwert d'Zukunft vum Kulturhaus, geschwat.
Miersch TV vum 15. Juli 2020 hëlt Iech mat an d’Geschäftswelt zu Miersch no Corona an och op den éischten Optrëtt vun der Mierscher Musek no der sanitärer Kris.
Vun engem Dag op deen
.. show full overview
Miersch TV vum 15. Juli 2020 hëlt Iech mat an d’Geschäftswelt zu Miersch no Corona an och op den éischten Optrëtt vun der Mierscher Musek no der sanitärer Kris.
Vun engem Dag op deen aneren ware Mëtt Mäerz bal alleguer d’Geschäfter zou. Patronen a Mataarbechter hunn ëm hier Zukunft gefaart. Mir ware mam President vum Mierscher Geschäftsverband, dem Raymond Lanners, een Tour duerch d’Mierscher Geschäfter maachen fir ze kucken wéi ënnert anerem Optique Schaefers, Elecars Voitures, Hoffmann-Thill, Hoffmann Frères Electris, Hostellerie Val Fleuri a Paul Schaal & Fils duerch d’Kris komm sinn.
Lues, ganz lues kënnt och erëm Liewen an d’Veräiner. Déi Mierscher Musek ass Mëtt Juni virum Blannenheem opgetrueden.
Miersch TV begleet Iech och duerch de Summer. Mir huelen Iech dës Kéier mat an d’Lieshaus nom Confinement an an de Park vu Miersch, wou der 4 bekannt Mierscher begéint.
Covid-19 huet
.. show full overview
Miersch TV begleet Iech och duerch de Summer. Mir huelen Iech dës Kéier mat an d’Lieshaus nom Confinement an an de Park vu Miersch, wou der 4 bekannt Mierscher begéint.
Covid-19 huet villes op d’Kopp gehäit an och déi Mierscher Bibliothéik, d’Lieshaus, huet missen eng Zäit zou maachen. Elo ass erëm op, och wann den Oflaf wéinst dem Virus bëssen anëscht ass. Zum Beispill mussen d’Bicher, wann se zeréck kommen, a Quarantän.
Am Mierscher Park kënnt der neierdéngs eng Installatioun mat 5 Cube bewonneren an eppes bäi léieren. Hei kritt der 4 bekannt Mierscher Personnage virgestallt. D’Iddee koum vum Leader Lëtzebuerg West an ënnert anerem hunn och Schüler aus dem Mierscher LCD un dësem Projet mat geschafft.
Denkt och elo drun Iech fir den "Tour du Duerf" un ze mellen. Méi Detailer fann der ënnert anerem op mersch.lu
Merci fir d’Kucken an Deelen vun der Emissioun. Miersch TV ass den 31. August erëm fir Iech do.
Ob Heiheem oder am Ausland : Eng schéi Vakanz!
Eis Summereditioun ass wéi gewinnt e bësse méi laang. Mir huelen Iech mat op zwee Chantieren, weisen Iech Pëtten a stellen Iech eng Stagiaire am Lieshaus fir.
Méindes de 24. August 2020
.. show full overview
Eis Summereditioun ass wéi gewinnt e bësse méi laang. Mir huelen Iech mat op zwee Chantieren, weisen Iech Pëtten a stellen Iech eng Stagiaire am Lieshaus fir.
Méindes de 24. August 2020 fänkt de Chantier an der rue Grande-Duchesse Charlotte un. Wat bedeit dat? Wéini ass d'Strooss zou a wéini gëtt wou geschafft? Mir ginn Iech déi néideg Erklärungen.
D'Administration communale de Mersch schafft permanent un der Drénkwaasserversuergung. Zum Beispill och ënnert der Strooss Richtung Schëndels. Miersch TV war e puer mol op de Chantier,
Mir stellen Iech an den nächsten Emissiounen déi eenzel Dierfer aus der Gemeng Miersch fir. Den Ufank mécht den Zentrum vum Land, Pëtten, mat ënnert anerem sengem Schlass.
An da stelle mer Iech nach eng jonk Stagiaire fir, déi Archivistik a Bibliothéikswiesen studéiert a viru kuerzem am Lieshaus ee Stage gemeet huet.
Vill Spaass.
Miersch TV ass an der Emissioun vu Mëtt September ganz sportlech ënnerwee a mir stellen Iech eng weider Uertschaft aus der Gemeng Miersch vir :
Den FC Marisca Miersch spillt zanter
.. show full overview
Miersch TV ass an der Emissioun vu Mëtt September ganz sportlech ënnerwee a mir stellen Iech eng weider Uertschaft aus der Gemeng Miersch vir :
Den FC Marisca Miersch spillt zanter dëser Saison erëm an der zweethéchster Divisioun am Lëtzebuerger Football. Ee verdéngten Opstig och wann d’Saison net konnt fäerdeg gespillt an den Opstig net gefeiert ginn. Mir hu. mat deene Responsabelen zeréck an awer och no fir op déi nei Saison gekuckt.
Nodeems mer am August d’Uertschaft Pëtten virgestallt haten, ass et elo u Miesdref mat senge ronn 350 Awunner. De Guy Pauly an den Henri Krier hunn eis duerch Miesdref begleet.
Déi sanitär Kris ass leider nach net eriwwer, mä e bëssen (nei) Normalitéit kënnt awer erëm an eist Sozial- a Veräinsliewen. Dat weise mer och an eiser Emissioun vun Enn September:
Déi
.. show full overview
Déi sanitär Kris ass leider nach net eriwwer, mä e bëssen (nei) Normalitéit kënnt awer erëm an eist Sozial- a Veräinsliewen. Dat weise mer och an eiser Emissioun vun Enn September:
Déi traditionell Randonnée du Centre konnt och an dësem spezielle “Corona-Joer” gefuer ginn, wann och ënner anere Bedingungen. Et ware ganz vill Leit um Depart an d’Wieder huet mat gespillt. Am Nomëtteg an Owes war ganz vill Animatioun am Park vu Miersch mam Jonn Happi a mam Jugendensembel vun der Mierscher Musek.
Och am Kulturhaus ass an der Tëschenzäit erëm Liewen op der Bün. De Claude Mangen a seng Equipe hunn den neie Programm virgestallt. Mir maachen de Resumé ënnert anerem mat Ausschnëtter vun deem, wat Iech erwaart.
175’000 € hat den Télévie Zenter Miersch mat sengem President Abby Toussaint 2019 un den Télévie iwwerreecht. Nodeems alles ofgerechent an den definitive Bilan gemeet gouf, waren awer nach Suen iwwreg an déi krut d’Diane Wunsch vun RTL viru kuerzem iwwerreecht. Merci alle Mierscher.
Miersch TV stellt Iech an der Emissioun vu Mëtt Oktober 2020 den Handball vu Miersch vir a mir feieren een 100te Gebuertsdag.
Den HBMersch75 spillt erëm an der héchster Divisioun am
.. show full overview
Miersch TV stellt Iech an der Emissioun vu Mëtt Oktober 2020 den Handball vu Miersch vir a mir feieren een 100te Gebuertsdag.
Den HBMersch75 spillt erëm an der héchster Divisioun am Lëtzebuerger Handball-Championnat. Mir waren um Heemmatch géint den Handball Esch ASBL dobäi.
Et sinn den Ament keng einfach Zäiten. Och a virun allem vir eeler Leit. Dofir ass et eng besonnesch Freed een 100te Gebuertsdag ze feieren. d'Madamm Anne Bettendorf hat déi Chance viru kuerzem am Blannenheem zu Bierschbech an ënnert anerem d'Ministesch Corinne Cahen war komm fir ze gratuléieren.
Merci dass der eis Emissioun kuckt a roueg och kommentéiert. Et wier och léif, wann der d'Emissioun géift weider deelen.
An der Emissioun vun Enn Oktober 2020 erënneren mer eis a mir gedenken :
Den Affer vum zweete Weltkrich op der Journée de la Commémoration Nationale
Dem Vicky Schaack, der
.. show full overview
An der Emissioun vun Enn Oktober 2020 erënneren mer eis a mir gedenken :
Den Affer vum zweete Weltkrich op der Journée de la Commémoration Nationale
Dem Vicky Schaack, der landbekannter Wiertsfra vu Miersch, déi eis am Alter vun 101 Joer verlooss huet.
Donieft huele mer Iech mat an déi klengsten Uertschaft aus der Gemeng Miersch, op Essen.
Vill Spaass beim Kucken !
Wëllkomm zu Miersch. Och , oder grad an dëse méi schwéieren Zäiten huet d’Gemeng Miersch sech et net huele gelooss déi nei Awunner an der Gemeng ze begréissen. Nach esou just virun den
.. show full overview
Wëllkomm zu Miersch. Och , oder grad an dëse méi schwéieren Zäiten huet d’Gemeng Miersch sech et net huele gelooss déi nei Awunner an der Gemeng ze begréissen. Nach esou just virun den neie, méi strenge, Reegelen, konnt dëst Fest, wann och bëssen anescht wéi soss, gefeiert ginn.
Och d’Zeremonie fir d’Iwwerreechung vum Servais Präis am CNL war dëst Joer bëssen anescht. Et ware just 10 Leit zou gelooss. Et war awer wichteg och de Laureat vun 2020. de Francis Kirps, ze éieren. an deen huet dat ganzt mat sengem ganz speziellen a flotten Humor geholl.
Merci fir d’Kucken an Merci fir d’Deele vun dëser Emissioun !
Beem, Bësch a Biereng, esou kann een d'Emissioun vu Miersch TV vum 30. November 2020 resuméieren.
Fir d'éischt huele mer Iech mat an de Rollenger Bësch. Do gouf viru kuerzem den éischte
.. show full overview
Beem, Bësch a Biereng, esou kann een d'Emissioun vu Miersch TV vum 30. November 2020 resuméieren.
Fir d'éischt huele mer Iech mat an de Rollenger Bësch. Do gouf viru kuerzem den éischte Marteloscope aus dem Land vu Pro Silva ageweit. Mir erklären Iech am Reportage wat dee Marteloscope ass a vläicht kritt der jo och Loscht mam Tablet an de Bësch ze goen.
Duerno stelle mer Iech dann d'Uertschaft Biereng vir. Zu Biereng wunnen eng 1'000 Leit an de Guy Paul an den Henri Krier ginn eis Informatiounen iwwer d'Geschicht, Veräiner an ee ganz spezielle Bam.
De Buergermeeschter an de Kleeschen sinn d'Inviteeën dës Kéier an der Emissioun.
Mam Michel Malherbe kucke mer zeréck op ee ganzt aussergewéinlecht Joer 2020 an op déi vill Efforte vun
.. show full overview
De Buergermeeschter an de Kleeschen sinn d'Inviteeën dës Kéier an der Emissioun.
Mam Michel Malherbe kucke mer zeréck op ee ganzt aussergewéinlecht Joer 2020 an op déi vill Efforte vun der Administration communale de Mersch a vun de Leit.
Och fir de Kleeschen war dëst Joer alles anescht. An trotzdeem wollt hien de Mierscher Kanner Merci soe fir hir Efforten dat ganzt Joer. Den hellege Mann war an der Nuecht an déi verschidde Gebaier vun der Mierscher Schoul an och nach mat den Duerfsieschter op Miesdref, Essen a Pëtten.
Schéi Feierdeeg a bleift gesond !
De Countdown leeft. Nach e puer Stonnen, dann ass d’Joer 2020 eriwwer.
Kee vun eis wäert dat Joer vergiessen.
Mir kucken an der leschter Emissioun vum Joer nach eng Kéier op eis
.. show full overview
De Countdown leeft. Nach e puer Stonnen, dann ass d’Joer 2020 eriwwer.
Kee vun eis wäert dat Joer vergiessen.
Mir kucken an der leschter Emissioun vum Joer nach eng Kéier op eis Reportagen zeréck. Nodeems et am Januar, Februar an Mäerz nach mat de gewinnte Fester a Manifestatiounen ugefaangen hat, gouf duerno quasi alles annuléiert an och an eisen Emissiounen war de Virus (leider) dacks de Sujet.
Mir wënschen Iech elo vill Freed mat eisem Réckbléck op d’Joer 2020 a fir Iech an är Famillen a Frënn nëmmen dat allerbescht a virun allem Gesondheet am neie Joer.
Se faltam episódios ou banners (e eles existem no TheTVDB) você pode solicitar uma atualização automática :
Solicite uma atualização
Atualização solicitada