Log in om afleveringen als gekeken te markeren. Inloggen of aanmelden.
Seizoen 2
Uitzenddatum
Okt 09, 2016
De Fernand Thill ass de President vum Crazy Crew M.C. (Motorcycle Club), engem Grupp vun haardgesottenen, tätowéierte Biker déi regelméisseg mat hire modifizéierten Chopperen duerch
.. show full overview
De Fernand Thill ass de President vum Crazy Crew M.C. (Motorcycle Club), engem Grupp vun haardgesottenen, tätowéierte Biker déi regelméisseg mat hire modifizéierten Chopperen duerch d’Land joen. Si liewen an enger Welt wou Männer nach Männer sinn, wou drénken a Partyen zum Alldag gehéieren, a wou d’Léift zur Maschinn dat ass wat se op éiweg matenee verbënnt.
“De Presi” begleet de Fernand a sengem Alldag a gëtt domadder een Abléck an eng Welt vu Männer, Maschinnen a Rock’n’Roll.
Uitzenddatum
Okt 09, 2016
D’Cecile ass Presidentin vum „Fanclub roude Léiw“, de lëtzebuerger Fanclub vum Rudy Giovannini, e charismatesche Schlagersänger aus dem Südtirol. Eemol am Joer reesen si mam Bus am Rudy
.. show full overview
D’Cecile ass Presidentin vum „Fanclub roude Léiw“, de lëtzebuerger Fanclub vum Rudy Giovannini, e charismatesche Schlagersänger aus dem Südtirol. Eemol am Joer reesen si mam Bus am Rudy säin Heemechtsduerf, fir do hiert Idol hautno z’erliewen.
“D'Liewen ass schéin”, exploréiert dem Cecile Brands a sengem Fanclub hir Welt am idylleschen Südtirol, wou si den Alldag vergiessen an sech ganz dem Rudy Giovannini an der Freed um Liewen widmen kennen. Avanti!
Uitzenddatum
Nov 06, 2016
Den Arno ass nieweberufflech Wrestler. Reegelméisseg fiert hien 900 km fir an enger däitscher regionaler Wrestling Liga Showkämpf ze liwweren. Am Géigesaz zu sengen zwou Schwësteren déi
.. show full overview
Den Arno ass nieweberufflech Wrestler. Reegelméisseg fiert hien 900 km fir an enger däitscher regionaler Wrestling Liga Showkämpf ze liwweren. Am Géigesaz zu sengen zwou Schwësteren déi hire Wee am Studium fonnt hunn, sicht hien seng Erfëllung a sengem Sport. Seng Elteren sollen des Kéier fir d'éischt matgoen. Mat enger Mëschung aus Selbstinszenéierung an enger grousser Sensibilitéit lieft hie säin Dram an hofft op de groussen Duerchbroch.
Uitzenddatum
Nov 06, 2016
Mat fënnefanzwanzeg Joer representéiert de Joe Thein d’jonk Hoffnung vun der Oppositiounspartei ADR. Als selwer ernannten Nationalkonservativen sëtzt hien och zanter fënnef Joer am
.. show full overview
Mat fënnefanzwanzeg Joer representéiert de Joe Thein d’jonk Hoffnung vun der Oppositiounspartei ADR. Als selwer ernannten Nationalkonservativen sëtzt hien och zanter fënnef Joer am Gemengerot zu Péiteng. Di europa- an islamkritesch Meenungen di de Joe vertrëtt ginn oft als rietsextrem verstanen - wat hien als medial Zensur ofdeet. Gläichzäiteg ass de Joe homosexuell an äussert de Wonsch enges Dages Kanner ze adoptéieren , wat an direktem Konflikt mat der Linn vu senger Partei steet. Wéi geet hien mat dësem Dilemma ëm? « Meng Heemecht » begleet de kontroverse Politiker a sengem Beruffs- a familiären Alldag a probéiert Äntwerten ob des Froen ze fannen.
Uitzenddatum
Dec 11, 2016
D’Kelly bastelt Kostümer vu senge Lieblingshelden aus Computerspiller doheem am Keller zesummen. Dëst nennt ee Cosplay, an d’Kelly ass e Cosplayer aus Leidenschaft. Hatt wëll säin Dram
.. show full overview
D’Kelly bastelt Kostümer vu senge Lieblingshelden aus Computerspiller doheem am Keller zesummen. Dëst nennt ee Cosplay, an d’Kelly ass e Cosplayer aus Leidenschaft. Hatt wëll säin Dram liewen, a seng Passioun zum Beruff maachen. Säin éischte Kostüm vun der Barbarin aus dem Diablo 3 Computer Spill, mëscht et direkt bekannt an der Szene, an et gewënnt als éischte Lëtzebuergerin de Präis vum beschte Kostüm op der Gamescom Convention zu Köln.
En neie Kostüm ass an der Maach, an d’Kelly stellt sech eng zweete Kéier der internationaler Jury zu Köln op der Gamescom. Seng Mamm gleeft un et, an ënnerstëtzt et sou gutt et geet. Mee kann et nach eng Kéier iwwerzeegen, a wéi geet dem Kelly säin Dram vun der grousser Carrière weider?
Uitzenddatum
Dec 11, 2016
Zanter 20 Joer pilgert d'Dulce eemol am Joer, zesumme mat portugisesche Bekannten, vun der Stad op Wolz, bei d'Muttergottes vu Fatima. 2 Deeg fir 60 km - dat ass net esou einfach. Ee
.. show full overview
Zanter 20 Joer pilgert d'Dulce eemol am Joer, zesumme mat portugisesche Bekannten, vun der Stad op Wolz, bei d'Muttergottes vu Fatima. 2 Deeg fir 60 km - dat ass net esou einfach. Ee Joer reent et riicht eran, dat anert Joer brennt d'Sonn, d'Blodere ploen een.... Firwat maachen se dat? Aus Gewunnecht? Fir hire Glawen auszedrécken? Well se der Muttergottes eppes versprach hunn? routwäissgro ass deene Froen nogaang, an dofir di 60 km matgaang.
Uitzenddatum
Jan 15, 2017
De Roger huet 68 Joer an ass zënter senger Gebuert blann. Säi Verhalt a säin Orientéierungssënn sinn aussergewéinlech gutt. An de leschten 32 Joer wor seng Aarbecht als Direkter vum
.. show full overview
De Roger huet 68 Joer an ass zënter senger Gebuert blann. Säi Verhalt a säin Orientéierungssënn sinn aussergewéinlech gutt. An de leschten 32 Joer wor seng Aarbecht als Direkter vum Blannenheem säi ganzt Liewen. An e puer Méint geet de Roger awer an d'Pensioun, a verléisst domadder déi Plaz déi säin Alldag bis ewell strukturéiert huet, a sengem Liewen e Sënn ginn huet. Ma de Roger traut sech villes zou a bleift king. Dofir zéckt hien och net op den Dach vu sengem Haus ze klammen fir den Schaarschtech ze botzen...
Uitzenddatum
Jan 15, 2017
Den Akbar, en indeschen "Expat", lieft zanter méi wei 4 Joer zu Lëtzebuerg an huet eng gewësse Léift fir säin Adoptiounsland entwéckelt. Nieft senger Aarbecht bei Amazon, bitt hien
.. show full overview
Den Akbar, en indeschen "Expat", lieft zanter méi wei 4 Joer zu Lëtzebuerg an huet eng gewësse Léift fir säin Adoptiounsland entwéckelt. Nieft senger Aarbecht bei Amazon, bitt hien sengen Aarbechtskollegen visite guidéeën vun der Stad un. Hien huet sech d’lëtzebuerger Devise ugëeegent: "Mir wëlle bleiwe wat mir sinn". Den Akbar ass homosexuell, a fir hien ass et wichteg ze bleiwen wat hien ass, a seng Identitéit offen kënnen ze liewen. An Indien, e Land wat em ëmmer nach staark um Häerz läit, wier dat net méiglech. D’Zäit vun engem Summer komme seng Elteren op Besuch, an hie weist hinnen säi Lëtzebuerg. Hie géing gären Lëtzebuerger ginn, a versicht seng Elteren an dës Entscheedung z’implizéiren.
Uitzenddatum
Mrt 19, 2017
De Stéphane huet sech vu sengem Beruff als Affekot eng Auszäit geholl. Nodeem hie sech fir säi Beruff opgeopfert huet, kuckt hien lo mol no sech, mecht Sport an trefft Kollegen. Alles
.. show full overview
De Stéphane huet sech vu sengem Beruff als Affekot eng Auszäit geholl. Nodeem hie sech fir säi Beruff opgeopfert huet, kuckt hien lo mol no sech, mecht Sport an trefft Kollegen. Alles huet sech fir hien a Fro gestallt, souguer seng Carrière. Mee den Drang no sozialem a finanziellem Erfolleg ass omnipräsent a sengem Liewen, a spigelt sech duerch seng Fräizäitaktivitéiten bis an den Ëmgang mat senger Duechter erëm. Hie wëll des Kéier de richtege Choix treffen: säi geléierte Beruff un den Nol hänken oder nees zeréck an eng Étude. Wat ass fir hien di richteg Carrière?
Uitzenddatum
Mrt 19, 2017
Den George ass 60 a Kanadier. Zanter méi wei 30 Joer ass hien zu Lëtzebuerg. Hie lieft op der Strooss. Seng Leidenschaft fir Fotografie, a säi staarke Glawen, hëllefen him duerch déi net
.. show full overview
Den George ass 60 a Kanadier. Zanter méi wei 30 Joer ass hien zu Lëtzebuerg. Hie lieft op der Strooss. Seng Leidenschaft fir Fotografie, a säi staarke Glawen, hëllefen him duerch déi net ëmmer einfach Zäiten. No laangem Waarden kritt den George endlech d’Chance op eng eege Wunneng, eng Ëmstellung un déi hie sech mol gewinne muss…
Uitzenddatum
Apr 23, 2017
D’Catriona ass viru 15 Méint aus England op Lëtzebuerg geplënnert fir seng berufflech Carrière unzefänken: Traductrice beim Europäesche Parlament um Kierchbierg. Säin Talent fir
.. show full overview
D’Catriona ass viru 15 Méint aus England op Lëtzebuerg geplënnert fir seng berufflech Carrière unzefänken: Traductrice beim Europäesche Parlament um Kierchbierg. Säin Talent fir Sproochen, seng Léift fir Musek a seng aussergewéinlech Hobbyen hunn him gehollef, sech séier anzeliewen a seng Frënn ze iwwerraschen. Et huet ëmmerhin net jiddweree Schleeken als Hausdéieren! D’Catriona fillt sech hei am Land richteg doheem. Mee de Brexit steet virun der Dier...
Uitzenddatum
Apr 23, 2017
Den Helder Ferreira, genannt “Maka”, rappt zanter dass hien 12 Joer al ass, op lëtzebuergesch. Rap ass fir hien méi wéi just Musek. Et ass eng Form vun Expressioun déi et him erméiglecht
.. show full overview
Den Helder Ferreira, genannt “Maka”, rappt zanter dass hien 12 Joer al ass, op lëtzebuergesch. Rap ass fir hien méi wéi just Musek. Et ass eng Form vun Expressioun déi et him erméiglecht dat wat hien erlieft huet, a wat aneschters schwéier ze erziele wier, trotzdem auszedrécken. Rap huet him d’Liewe gerett, méi wei eng Kéier. “Maka” begleet den Helder a sengem Alldag a gëtt eis en Abléck an d’facettëräich Welt vum Hip Hop zu Lëtzebuerg, awer och an d’Schicksal vun engem Aussesäiter a Rebell dee säi Wee mécht, egalwéi.
Uitzenddatum
Mei 21, 2017
Mat senge 40 Joer ass de Benni den Eelsten an der Band “Seed to Tree”. Obwuel si national scho relativ bekannt sinn, wëllen d’Jonge méi: méi Concerten, méi bekannt ginn, méi vun der
.. show full overview
Mat senge 40 Joer ass de Benni den Eelsten an der Band “Seed to Tree”. Obwuel si national scho relativ bekannt sinn, wëllen d’Jonge méi: méi Concerten, méi bekannt ginn, méi vun der Musek liewe kënnen. Si prouwen haart, ginn op Tour an huelen en neien Album op. De Benni vergësst awer ni wou en hierkënnt: hien hëlleft senger Bomi reegelméisseg am Gaart, verdéngt säi Liewensënnerhalt mat Guitarscoursen an organiséiert och weiderhin Underground-Concerten. Ëmmer mam groussen Ziel virun Aen : op der Bühn stoen a voll a sengem Element sinn.
Uitzenddatum
Mei 21, 2017
D’Fatima ass 2011 zu Lëtzebuerg ukomm. Hatt fënnt séier eng Plaz beim Essentiel, d’Gratis-Zeitung zu Lëtzebuerg. Och wann seng Aarbecht als Journalist hatt begeeschtert, huet him eppes
.. show full overview
D’Fatima ass 2011 zu Lëtzebuerg ukomm. Hatt fënnt séier eng Plaz beim Essentiel, d’Gratis-Zeitung zu Lëtzebuerg. Och wann seng Aarbecht als Journalist hatt begeeschtert, huet him eppes gefeelt fir sech zu Lëtzebuerg ganz doheem ze fillen: e soziaalt Engagement. Déi jonk Fra mat marokkanesche Wuerzelen decidéiert, sech fir de Planning Familial anzesetzen, eng Associatioun déi him während senger Jugend a Korsika vill gehollef huet. D’Fatima steet zu senger Weiblechkeet, ouni Komplexer an an der Mini-Jupe. Hatt wënscht sech manner Tabue ronderëm de Kierper vun der Fra a setzt sech duerfir géint d’Tamponssteier an. Fir seng Campagne wëll hatt kleng an humorvoll Clippen zum Thema dréinen, an deenen hatt sech a senger magescher Welt inszenéiert.
Uitzenddatum
Jun 25, 2017
D'Vanda Denter Freitas ass Coiffeuse um Knuedler, am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg. Een ustrengende Beruff, deen déi extravagant Fra mat groussem Engagement op extrem héijen
.. show full overview
D'Vanda Denter Freitas ass Coiffeuse um Knuedler, am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg. Een ustrengende Beruff, deen déi extravagant Fra mat groussem Engagement op extrem héijen Talléckeschung bewältegt. Am Gespréich mat hire Clienten, schielt sech lues a lues de Portrait vun enger erstaunlecher Fra eraus.
Uitzenddatum
Jun 25, 2017
D’Orquidea ass 1971 op Lëtzebuerg komm. A Portugal war si Epicière, Néiesch a stoung Model an engem Atelier fir Haute Couture. Zu Lëtzebuerg war si Botzfra a Kächin, an huet missen fir
.. show full overview
D’Orquidea ass 1971 op Lëtzebuerg komm. A Portugal war si Epicière, Néiesch a stoung Model an engem Atelier fir Haute Couture. Zu Lëtzebuerg war si Botzfra a Kächin, an huet missen fir hir Famill opkommen. Aus Gesondheetsgrënn ka si lo net méi autonom an hirem Appartement wunnen, a muss acceptéieren an en Altersheem ze goen. D’Ängschten, d’Regreten, an d’Souveniren déi si op dëser leschter Etapp begleeden, maachen hir d’Upassen un hiert neit Ëmfeld net einfach.
Uitzenddatum
Okt 15, 2017
De Max Fischbach ass Proff an enger "classe d'accueil". Kanner vun allen Nationalitéiten déi viru kuerzem am Land ukomm sinn, ginn hei ënnert anerem d'Sproochen geleiert, fir se duerno
.. show full overview
De Max Fischbach ass Proff an enger "classe d'accueil". Kanner vun allen Nationalitéiten déi viru kuerzem am Land ukomm sinn, ginn hei ënnert anerem d'Sproochen geleiert, fir se duerno kënnen an den normalen Schoulsystem z'integréieren. Eng schwiereg Situatioun, wann ee weess dass d'Kanner doheem arabesch, farsi, portugisesch oder chinesesch schwätzen, a mat all hirem Bagage hei ukommen. Am Ëmgang mat de Kanner an hiren Elteren, sëtzt de Max quasi un der Schnëttstell vun de Kulturen, an erlieft Integratioun net als eidelt Wuert, mee als dagdeeglechen Challenge.
Uitzenddatum
Nov 05, 2017
Lues a lues ginn d'Aarbechten virun um grousse Chantier Royal-Hamilius. Den Achille Villa, Chefchantier, behält d'Situatioun am Aen. Just niewendrun, um boulevard Royal, steet en
.. show full overview
Lues a lues ginn d'Aarbechten virun um grousse Chantier Royal-Hamilius. Den Achille Villa, Chefchantier, behält d'Situatioun am Aen. Just niewendrun, um boulevard Royal, steet en eegenaartegt Gebai, wat vun der Demolitioun verschount blouf. Hei wunnt, zanter senger Konstruktioun an de 60'er Joren, den Arnaldo Ferragni. D'Integratioun vum Gebai an den zukünftegen centre Royal- Hamilius veronséchert hien. Hien hänkt u sengem Appartement, a fäert seng Erënnerungen géife verschwannen. Duerch seng Begéinung mam Achille Villa, léiert hien d'Welt vun der Konstruktioun kennen. Schonns dem Achille säi Papp war Chef-chantier, an hie wënscht sech dass säi Fils, dee Maschinist ass, dee selwechte Wee aschléit. Eng improbabel Begéinung tëscht dem fréieren EUFonctionnaire Arnaldo Ferragni, eng lieweg Mémoire vum Quartier, an der Famill Villa, Bauaarbechter iwwer Generatiounen. Eng Begéinung tëscht Traditioun a Modernitéit, tëscht Vergaangenheet an Zukunft.
Uitzenddatum
Dec 10, 2017
Op den éischte Bléck mengt een, et hätt een et mat enger chaotescher Clique vu jonke Leit ze dinn, deenen hier eenzeg Suerge Videospiller an déifgefruere Pizzae sinn. Mee den Dennis a
.. show full overview
Op den éischte Bléck mengt een, et hätt een et mat enger chaotescher Clique vu jonke Leit ze dinn, deenen hier eenzeg Suerge Videospiller an déifgefruere Pizzae sinn. Mee den Dennis a seng Kollege vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg gesinn sech als modern Ritter vun de Biten a Byten. Si hëllefen am Repair-Café wann de Printer klemmt, beroden d'Leit wa se Google a Microsoft äddi soe wëllen, a kämpfe fir eng besser Welt, an däer net alles wat mer op Internet maachen dozou féiert, dass een eis seet wat mer kafen a wie mer wiele sollen. Bei all dem bleiwen den Dennis, de Jan an all hier Frënn ëmmer mat zwee Féiss um Buedem.
Uitzenddatum
Feb 18, 2018
Et wor eemol e jonkt Meedchen, dat wei eng Prinzessin, fest am Suedel duerch d’Liewe geridden ass. D’Celia ass Championne am Reitsport, an eng vun de beschte Kavaléierinnen aus senger
.. show full overview
Et wor eemol e jonkt Meedchen, dat wei eng Prinzessin, fest am Suedel duerch d’Liewe geridden ass. D’Celia ass Championne am Reitsport, an eng vun de beschte Kavaléierinnen aus senger Generatioun. Mat der Ënnerstëtzung vu sengen Elteren, dreemt et dovunner, enges Daages vlait nach mei wichteg Titelen ze erueweren. Ma och wa seng Dreem onendlech sinn, steet d’Zukunft virun der Dier.
Uitzenddatum
Mrt 11, 2018
Dem Jennifer Ries säin Dagesoflaf ass streng organiséiert: Cardio, Gewiichter drécken, Fitness, op d'Iessen oppassen... alles dat nieft sengem eigentlechen Job am Sportsministère. A
.. show full overview
Dem Jennifer Ries säin Dagesoflaf ass streng organiséiert: Cardio, Gewiichter drécken, Fitness, op d'Iessen oppassen... alles dat nieft sengem eigentlechen Job am Sportsministère. A senger Fräizäit verwandelt d’Jenni sech nämlech an d' “Lifting Fairy”, a bereet sech op de Miss Bikini Wellness Championnat vir. Ee volle Programm, dee seng Fans an de soziale Medien kënne verfollegen. Hei schwätzt hatt net nëmmen vu sengen Erfolleger, mee och vu sengem Kampf géint Iwwergewiicht, a wéi de Bodybuilding him hëlleft sech wuel a sengem Kierper ze spieren.
Uitzenddatum
Apr 15, 2018
Am Bela sengem Liewen dréit sech alles em de Bowling. Hei gesäit hie seng Kollegen, déi Leit déi hie gär huet, seng eigentlech Famill. Am Championnat vun der Tuesday Night League komme
.. show full overview
Am Bela sengem Liewen dréit sech alles em de Bowling. Hei gesäit hie seng Kollegen, déi Leit déi hie gär huet, seng eigentlech Famill. Am Championnat vun der Tuesday Night League komme ganz ënnerscheedlech Leit ronderëm hier gemeinsam Leidenschaft zesummen. Mee eigentlech wier et besser, de Bela géif aus gesondheetleche Grënn guer kee Bowling méi spillen. Säi Kiné hat hien och gefrot fir onbedéngt e puer Méint ze pausen. Lo waart hien ongedëlleg drop, fir endlech erëm kënnen unzefänken.
Uitzenddatum
Mei 13, 2018
De Benoît Grolet ass Spezialist a Sécherheets-froen. Hie gëtt Self-defence Couren a forméiert zukünfteg Bodyguards. Hien ass e Modell vu Selbstdisziplin: seng Fassung oder seng “ënner
.. show full overview
De Benoît Grolet ass Spezialist a Sécherheets-froen. Hie gëtt Self-defence Couren a forméiert zukünfteg Bodyguards. Hien ass e Modell vu Selbstdisziplin: seng Fassung oder seng “ënner Kraaft” ze verléieren, kënnt net a Fro. Mee wat ee méi versicht säi Schicksal ze bestëmmen, wat dëst engem d’Liewen schéngt méi schwéier ze gestalten. Eng ongeheier Tragédie huet dem Benoît säi Liewe getraff, a stellt säi Glawen an de Sënn vu sengem Liewen a Fro.
Uitzenddatum
Nov 18, 2018
De Laurent Zeimet ass zanter 2011 Buergermeeschter vu Beetebuerg, eng vun de Gemengen déi sech bereet erkläert hunn e Flüchtlingsheem ze bauen. Iert déi 60 nei Bewunner awer ukommen,
.. show full overview
De Laurent Zeimet ass zanter 2011 Buergermeeschter vu Beetebuerg, eng vun de Gemengen déi sech bereet erkläert hunn e Flüchtlingsheem ze bauen. Iert déi 60 nei Bewunner awer ukommen, muss de Laurent dëse Bau begleeden a mat senge Bierger beschwätzen. An Aarbechtsgespréicher mat senge Schëffen, méi privat mat de Bierger um Quetschefest, oder ganz formell op ëffentlechen Informatiounsversammlungen kritt de Laurent e Gefill fir d’Stëmmung a senger Gemeng. Wat sinn d’Erwaardungen, d’Ängschten an d’Meenungen vun de Leit iert d’Flüchtlingen zu Beetebuerg ukommen?
Als er afleveringen of banners missen (en ze staan op TheTVDB), dan kun je een automatische update van de serie aanvragen:
Update van serie aanvragen
Update aangevraagd