Log in om afleveringen als gekeken te markeren. Inloggen of aanmelden.
Seizoen 1
Uitzenddatum
Mrt 01, 2015
De Jupp ass e Gourmang an e Gourmet an enger Persoun, well hien ësst gäre vill a gutt. Säin Alldag dréint sech an éischter Linn em Kachen an Iessen, an hien huet nawell d'Tendenz, mat de
.. show full overview
De Jupp ass e Gourmang an e Gourmet an enger Persoun, well hien ësst gäre vill a gutt. Säin Alldag dréint sech an éischter Linn em Kachen an Iessen, an hien huet nawell d'Tendenz, mat de Quantitéiten liicht z'iwwerdreiwen. De Jupp kennt einfach keng Mooss. An dat wéi et schéngt ouni och nëmmen déi klengst Gewëssensbëss. Ëmmer gutt drop a voller Liewesfreed, e groussen Amateur vun Oper a Gesang, ass de Jupp virun allem en onverbesserleche Bon-Vivant deen anscheinend näischt dervun ofhale kann, säi Liewe sou ze liewen wéi et him gefält.
Uitzenddatum
Mrt 01, 2015
Mat 3 Joer huet d'Nadia ugefaang Gei ze spillen. Eng natierlech Begabung féiert et derzou dass et haut, mat 14 Joer, méi frei wéi vill anerer, sech muss entscheeden ob et wëll eng
.. show full overview
Mat 3 Joer huet d'Nadia ugefaang Gei ze spillen. Eng natierlech Begabung féiert et derzou dass et haut, mat 14 Joer, méi frei wéi vill anerer, sech muss entscheeden ob et wëll eng professionell Carrière aschloen oder net. Wat dat mat sech bréngt, a wéi an ob et méiglech ass de schouleschen Alldag mam strenge Pensum vum Conservatoire ënnert een Hutt ze bréngen, weist d'Episod "Eng klassesch Erzéiung" vum Yann Tonnar. Een intime Portrait vun engem klenge Meedchen wat muss grouss Décisiounen huelen.
Uitzenddatum
Mrt 29, 2015
Den Ebrima ass e jonke Mann deen diskret, sensibel an intelligent ass. Hien ass 24 Joer al an huet gezwongenermoosse missten aus sengem Heemechtsland auswanderen. Elo ass hien
.. show full overview
Den Ebrima ass e jonke Mann deen diskret, sensibel an intelligent ass. Hien ass 24 Joer al an huet gezwongenermoosse missten aus sengem Heemechtsland auswanderen. Elo ass hien Aide-Soignant am « Pescatore », eent vun deenen eelsten Altersheemer am Lëtzebuerger Land.
Hei begéint den Ebrima där Generatioun, déi e Lëtzebuerg kannt huet wat et guer net méi gëtt. Et ass och hei wou den Ebrima der Mme Dondelinger, enger 92-järeger Dame, bei hiren alldeeglechen Aktiounen hëlleft. Och wann d’Sprooch heiansdo verhënnert, datt déi zwee sech ganz verstinn, huet sech eng Bäihëllef zwëschen hinne gebilt. Sou gesinn huet si, genau wéi déi aner Pensionären aus dem Pescatore, och hiert « doheem » misste verloossen.
Uitzenddatum
Mrt 29, 2015
Gefaangen am Däiwelskrees vun der Drogenofhängegkeet, geet de Petz an d’Entzéiungskur fir endgülteg säi Liewen ze änneren. “Wantermäerchen” zitt eis mat op engem Drogesüchtege säi Wee,
.. show full overview
Gefaangen am Däiwelskrees vun der Drogenofhängegkeet, geet de Petz an d’Entzéiungskur fir endgülteg säi Liewen ze änneren. “Wantermäerchen” zitt eis mat op engem Drogesüchtege säi Wee, voller Héichten an Déiften, dee versicht säi Liewen nees op d’Rei ze kréien a seng Vergaangenheet ze iwwerwannen.
Uitzenddatum
Apr 26, 2015
De Pio ass zënter méi wéi 25 Joer Flic op der Gare. Hien huet all Dag mat Kriminalitéit, Drogen a Prostitutioun ze dinn. Mee net nëmmen, well am Quartier lafen him och vill bosseg
.. show full overview
De Pio ass zënter méi wéi 25 Joer Flic op der Gare. Hien huet all Dag mat Kriminalitéit, Drogen a Prostitutioun ze dinn. Mee net nëmmen, well am Quartier lafen him och vill bosseg Gesellen iwwert de Wee. Mir begleeden hien an eng méi onbekannte Säit vun der Stad.
Uitzenddatum
Apr 26, 2015
D’Chantal ass eng Mamm wéi se am Billerbuch steet: Et gëtt sech gekëmmert an gesuergt, organiséiert a geplangt. D’Chantal ass gezwongen eng Mamm aus der Distanz ze sinn: Seng Kanner sinn
.. show full overview
D’Chantal ass eng Mamm wéi se am Billerbuch steet: Et gëtt sech gekëmmert an gesuergt, organiséiert a geplangt. D’Chantal ass gezwongen eng Mamm aus der Distanz ze sinn: Seng Kanner sinn net bei him während der Woch, mee an engem Foyer an der Belsch. Trotz allen Ëmstänn huelen d’Chantal a seng Famille d’Liewen mat Humor an sou wéi et ass.
Uitzenddatum
Mei 31, 2015
De Jerry ass de Chef vun der Hondsstaffel vun der Croix Rouge an där hien sech zanter zwanzeg Joer asetzt fir mat Hënn Mënscheliewen ze retten. Eng Rei Véierbeener hunn den ofgehäerten
.. show full overview
De Jerry ass de Chef vun der Hondsstaffel vun der Croix Rouge an där hien sech zanter zwanzeg Joer asetzt fir mat Hënn Mënscheliewen ze retten. Eng Rei Véierbeener hunn den ofgehäerten Hondsmeeschter mat hirer kaler Trüffel ëmmer nees a sengen Aventurë begleet. Ma net all Mupp ass dem Jerry d’selwecht an Erënnerung bliwwen. D’Syrah, seng aktuell jonk Mudder, soll dem Jerry seng lescht « Schaff-maschinn » ginn. Ma de Wee zum austrainéierte Rettungshond ass laang an net ëmmer einfach.
Uitzenddatum
Mei 31, 2015
De Jean-Benoît ass Franzous, 35 Joer al, hie wunnt a schafft zu Lëtzebuerg - e Land wou hien d’Sprooch kaum versteet. Hie war deemools heihikomm wéinst der Léift, mä dës Bezéiung ass an
.. show full overview
De Jean-Benoît ass Franzous, 35 Joer al, hie wunnt a schafft zu Lëtzebuerg - e Land wou hien d’Sprooch kaum versteet. Hie war deemools heihikomm wéinst der Léift, mä dës Bezéiung ass an d’Bréch gaang. Elo ass de J-B erëm op der Sich no enger Persoun mat där hie säi Liewen deele kann. Des Sich gëtt awer doduerch erschwéiert, datt hie säit 11 Joer HIV-positiv ass. Dovun ofgesinn, datt hien all Dag muss Medikamenter schlécken, schued de Virus him méi duerch falsch Scholdgefiller an de Stigma deen hien am Alldag erlieft, wéi duerch kierperlech Symptomer.
De J-B ass effektiv “indetektabel”, wat heescht datt säi Kierper de Virus gutt am Grëff huet an hien och net méi kann aner Leit ustiechen. Duerch säin Asaz an der HIV-Preventioun huet hien eng Méiglechkeet fonnt fir seng Erliefnësser mat anere Leit ze deelen an esou säin Ongléck ze notzen fir Guddes ze dinn. “Friem Kierper” ass e Film iwwert e Mann dee refuséiert, sech vun der Angscht dominéieren ze loossen.
Uitzenddatum
Jun 28, 2015
Marteleng, eng Geeschterstad am Norde vum Land, an zwee geschnidden duerch d’Grenz mat der Belsch. Alkohol, Wäin, Tubak, Benzin, zu lëtzebuerger Präisser!
De Christian Degraux,
.. show full overview
Marteleng, eng Geeschterstad am Norde vum Land, an zwee geschnidden duerch d’Grenz mat der Belsch. Alkohol, Wäin, Tubak, Benzin, zu lëtzebuerger Präisser!
De Christian Degraux, Direkter vun där Firma, där zu Marteleng bal all d’Geschäfter gehéieren, hëlt eis mat a seng Welt: tëschent Lëtzebuerg an der Belsch, senger Aarbecht a sengem Privatliewen, Fueren a Plënneren ouni Enn, an der Ouverture vun engem neie Restaurant, wat ass de Präis, deen ee bezuele muss, wann een net méi drénkt, do wou alles sech ëm den Alkohol dréint?
Uitzenddatum
Jun 28, 2015
Den David ass e jonke Papp an der Scheedung a schafft am Recyclingscenter zu Schëffleng. All Dag kommen hei honnerte vu Leit mam Auto voller Schrott. Den David a seng Kollege regelen de
.. show full overview
Den David ass e jonke Papp an der Scheedung a schafft am Recyclingscenter zu Schëffleng. All Dag kommen hei honnerte vu Leit mam Auto voller Schrott. Den David a seng Kollege regelen de Buttek, si passen op dass der Norm no recycléiert gëtt.
"Këmmer dech em däin Dreck" weist déi verschiddenst Personnagen déi an dësem lëtzebuerger Mikrokosmos zesummekommen an déi zum Deel witzeg, zum Deel serieux Situatiounen déi bei dëse Konfrontatiounen entstinn.
Uitzenddatum
Okt 11, 2015
De Marcel geet am Erwuessenenalter erëm an d'Schoul. Richteg liesen a schreiwe léieren ass net einfach, mee et erméiglecht him, d'Erënnerungen u seng schwéier Kandheet besser ze
.. show full overview
De Marcel geet am Erwuessenenalter erëm an d'Schoul. Richteg liesen a schreiwe léieren ass net einfach, mee et erméiglecht him, d'Erënnerungen u seng schwéier Kandheet besser ze verschaffen. «Ni ze spéit» ass e Portrait vun engem Mann, dee geléiert huet, trotz ville Schwieregkeeten net opzeginn.
Uitzenddatum
Okt 11, 2015
Et ass erëm Péngschten, hallef Lëtzebuerg sëtzt op der Päischtcroisière an tuckert iwwert d'Mëttelmier. De Chris an d'Christiane sinn och derbäi. De Chris ass der 21, un de Rollstull
.. show full overview
Et ass erëm Péngschten, hallef Lëtzebuerg sëtzt op der Päischtcroisière an tuckert iwwert d'Mëttelmier. De Chris an d'Christiane sinn och derbäi. De Chris ass der 21, un de Rollstull gebonnen a ganz op seng Mamm ugewisen fir sech z'ernieren, sech fortzebewegen, oder ze kommunizéieren. Dat hënnert si awer net drun, sech gutt z’ameséieren. "Endlech Vakanz" erzielt d’Geschicht vun deem wat si op der Päischtcroisière erlieft hunn.
Uitzenddatum
Nov 08, 2015
De Suhail ass Syrier a lieft zesumme mat senger Famill elo scho säit engem Joer
zu Lëtzebuerg. Seng Kanner ginn an d’Schoul. Seng Fra an hien och. Si probéieren sech esou gutt wéi
.. show full overview
De Suhail ass Syrier a lieft zesumme mat senger Famill elo scho säit engem Joer
zu Lëtzebuerg. Seng Kanner ginn an d’Schoul. Seng Fra an hien och. Si probéieren sech esou gutt wéi méiglech unzepassen, mä esou einfach ass dat net. Si schwätzen net nëmmen eng komplett aner Sprooch, mä hunn och eng aner Kultur, eng aner Relioun an aner Gewunnechten.
“An engem anere Land” begleet de Suhail a seng Famill an hirem neie Liewen zu Lëtzebuerg – e Liewe geprägt vun der Hoffnung op eng besser Zukunft an der Erënnerung un déi traumatesch Erliefnisser déi zwar hannert hinne leien, mä déi hir Familljen a Landsleit weiderhin dagdeeglech erdroe mussen.
Uitzenddatum
Nov 08, 2015
“D’Kierch am Duerf” zeechent de Portrait vum Här Paschtouer am Duerf, deen d’Diskussioun ëm d’Trennung vu Kierch a Staat vun der grousser politescher Bühn erof op d’Por an de Staminet
.. show full overview
“D’Kierch am Duerf” zeechent de Portrait vum Här Paschtouer am Duerf, deen d’Diskussioun ëm d’Trennung vu Kierch a Staat vun der grousser politescher Bühn erof op d’Por an de Staminet hëlt. Beim Owespatt am Duerfbistro treffen esou Traditioun a Glawen op Modernitéit a Skepsis. “Si mir nach, wat mir woren?”, freet de Paschtouer an der Mass. Wouhi soll et goen, mat der kathoulescher Kierch? Den Här Paschtouer, deen och net méi all d’Äntwerten huet, stellt net just dës Froen, mä lieft se mat senge Leit.
Uitzenddatum
Dec 13, 2015
D’Roxann, 18 Joer al, hat schonn ëmmer den Dram Wäikinnigin ze ginn. No véier Joer Wäiprinzessin sinn, ass et endlech souwäit: Am September gëtt d’Roxann um 66. Maacher Drauwen- a
.. show full overview
D’Roxann, 18 Joer al, hat schonn ëmmer den Dram Wäikinnigin ze ginn. No véier Joer Wäiprinzessin sinn, ass et endlech souwäit: Am September gëtt d’Roxann um 66. Maacher Drauwen- a Wäifest gekréint. D’Virbereedunge fir dee grousse Moment lafen op Héichtouren: Eng nei Kroun gëtt gemaach, een neie Rack gëtt kaf, den Danz an d’Kréinung gi geprouwt… ier de groussen Owend dann endlech do ass. Prost!
Uitzenddatum
Dec 13, 2015
Den Georges ass elengerzéiende Papp vun dräi erwuessene Kanner: dat emotionell räift Cassandra, den Paradiesvugel Wesley an de Museker a Skater Ornello. Huet hie virun e puer Joer nach
.. show full overview
Den Georges ass elengerzéiende Papp vun dräi erwuessene Kanner: dat emotionell räift Cassandra, den Paradiesvugel Wesley an de Museker a Skater Ornello. Huet hie virun e puer Joer nach iwwer 120 Kilo op d’Wo bruecht, sou ass de Georges no enger Bypass-Operatioun vum Mo zu engem anere Mënsch ginn.
Neierdéngs bidd de Georges mat der sougenannter « Liewensschoul » Konferenzen un, déi de Leit sollen Impulser vermëttele fir sech selwer an hirem Ëmfeld nees méi bewosst ze ginn. Privat ass hien awer iwwerfuerdert: wann den Ornello net geschwënn e Stage fënnt, kann hien d’Schoul net ofschléissen, an all Diskussioun tëscht Papp a Jong féiert zum Konflikt.
Kritt de Georges déi eegen Onsécherheeten a seng berufflech Zieler ënnert een Hutt?
Uitzenddatum
Jan 17, 2016
De Bivers hire Joe, 26, huet méi Responsabilitéiten wéi déi meescht Jonker. Hien huet weder Weekender nach Vakanzen. Als Chef vu sengem Bauerenhaff zu Kielen kuckt de Joe, säi Betrib um
.. show full overview
De Bivers hire Joe, 26, huet méi Responsabilitéiten wéi déi meescht Jonker. Hien huet weder Weekender nach Vakanzen. Als Chef vu sengem Bauerenhaff zu Kielen kuckt de Joe, säi Betrib um Rullen ze halen.
Nieft senger Aarbecht als Gérant, Mécanicien, Comptabel a Vétérinaire, muss de Joe sech och nach duerch den extrem drëchene Summer schloen. Obwuel de Joe permanent ënner Drock steet, hëlt hien d'Liewen mat enger Schëpp Humor.
Uitzenddatum
Jan 17, 2016
D'Carine schafft als Infirmière an der Ettelbrécker Klinik. Während engem Dag an enger Nuecht begleeden mir hatt an de Gäng vum Service Urgence, deem Deel vun der Klinik deen ni
.. show full overview
D'Carine schafft als Infirmière an der Ettelbrécker Klinik. Während engem Dag an enger Nuecht begleeden mir hatt an de Gäng vum Service Urgence, deem Deel vun der Klinik deen ni schléift.
"Wou deet et wéi?" bitt eis en ongewinnten Abléck an d'Liewe vum Lëtzebuerger unhand vu senge méi oder wéineger schlëmme Boboen, Accidenter an altersbedéngte Krankheeten.
Uitzenddatum
Mrt 20, 2016
D'Shirley huet 17 Joer a lieft alleng mat senger Mamm an engem klengen Appartement. Hatt ass zanter 2 Joer zu Lëtzebuerg, a sicht e Sënn a sengem Liewen. Zanter kuerzem, mengt et dee
.. show full overview
D'Shirley huet 17 Joer a lieft alleng mat senger Mamm an engem klengen Appartement. Hatt ass zanter 2 Joer zu Lëtzebuerg, a sicht e Sënn a sengem Liewen. Zanter kuerzem, mengt et dee fonnt ze hunn an der evangelescher Kierch vum Pater Roger. Ee staarke Personnage deen eng ganz gleeweg brasilianesch Communautéit unzitt.
Tëscht enger Mamm déi net oft do ass, an e Papp deen et quasi net kannt huet, lieft d'Shirley ganz leidenschaftlech no de Virschrëften vun der Bibel an de Rotschléi vum Pater Roger. Hatt versicht bei Gott déi Léift erëmzefannen déi em a sengem Liewe feelt. Ma säin Glawen gëtt op d'Prouf gestallt vu senge jugendlechen Instinkter, vun de Jongen déi ronderëm et dréien, an vun der Mamm déi der Kierch net traut.
Uitzenddatum
Mrt 20, 2016
De Vënz ass ee 27 Joer ale Konschtstudent zu Berlin, dee wäit ewech vun der lëtzebuerger Klengkaréiertheet seng ganz eege Plaz fonnt huet.
Mee seng Wuerzelen bréngen hien ëmmer nees
.. show full overview
De Vënz ass ee 27 Joer ale Konschtstudent zu Berlin, dee wäit ewech vun der lëtzebuerger Klengkaréiertheet seng ganz eege Plaz fonnt huet.
Mee seng Wuerzelen bréngen hien ëmmer nees zréck a seng Heemecht a bäi seng Famill, déi sech mëttlerweil u säin néie Virnumm gewinnt huet.
Bis virun 2 Joer huet de Vënz nämlech nach Anna geheescht...
Uitzenddatum
Apr 24, 2016
D’Tania ass iwwerzeegt, dass mir probéiere mussen esou ze liewen, dass den negativen Impakt dee mir op eis Ëmwelt hunn, esou kleng wéi nëmme méiglech ass. Ënnert anerem wëll hatt op
.. show full overview
D’Tania ass iwwerzeegt, dass mir probéiere mussen esou ze liewen, dass den negativen Impakt dee mir op eis Ëmwelt hunn, esou kleng wéi nëmme méiglech ass. Ënnert anerem wëll hatt op materiell Saache verzichten, déi him net wierklech wichteg schéngen. Mee d'Tania weess och, dass hatt grad wéi all Mënsch seng Limitten huet…
Uitzenddatum
Apr 24, 2016
De Vincent Thill ass mat senge 16 Joer ee vun de groussen Talenter am Lëtzebuerger Fussball. Hie verbréngt seng Woch am Centre de Formation vum FC Metz a geet och a Frankräich an de
.. show full overview
De Vincent Thill ass mat senge 16 Joer ee vun de groussen Talenter am Lëtzebuerger Fussball. Hie verbréngt seng Woch am Centre de Formation vum FC Metz a geet och a Frankräich an de Lycée. Hie gesäit seng Famill wéineg, mee hie weess dass dat dozou gehéiert wann hie säin Ziel wëll erreechen: Profi am Ausland ginn. Dat ass säin groussen Dram, a seng Famill an hien schaffen all Dag drun fir dass dësen Dram an Erfëllung geet.
"Eng staark Equipe" begleet de Vincent a sengem Alldag als jonke Sportler, deen dobäi ass seng éischt Schrëtt um Wee zu engem professionelle Fussballspiller vun internationalem Niveau ze maachen.
Uitzenddatum
Mei 22, 2016
Am Michel senger Famill dréit sech alles em d'Juegd. Et geet een op d'Juegd fir de Spaass un der Saach, fir zesummen ze sinn, aus Traditioun. D'Erënnerungen an d'Bezéiungen an der Famill
.. show full overview
Am Michel senger Famill dréit sech alles em d'Juegd. Et geet een op d'Juegd fir de Spaass un der Saach, fir zesummen ze sinn, aus Traditioun. D'Erënnerungen an d'Bezéiungen an der Famill wiewen sech ronderëm dës Aktivitéit. Ma de Michel gëtt net méi jonk, an d'Welt ronderëm hien ass net am Aklang mat där vun der Juegd.
Wie vu sengen zwee Jongen iwwerhëlt d'Familljen-Traditioun? Tëscht de Frëndinnen déi dës Männergesellschaft op d'Kopp geheien, an d'Konkurrenz vun aneren Interessi, schéngt d'Transmissioun an der Famill net ofgeséchert.
Uitzenddatum
Mei 22, 2016
Mat senge 16 Joer weess de Lukas scho sécher datt hie spéider Literatur a Film studéiere wëll. Seng Frënn aus der Waldorfschoul ënnerstëtzen hien tatkräfteg dobäi, wéi hien, dacks no der
.. show full overview
Mat senge 16 Joer weess de Lukas scho sécher datt hie spéider Literatur a Film studéiere wëll. Seng Frënn aus der Waldorfschoul ënnerstëtzen hien tatkräfteg dobäi, wéi hien, dacks no der Schoul, seng Filmer dréit. Iwwerhaapt maache si an an no der Schoul villes zesummen. Si féieren Diskussiounen iwwer Politik a geckse bei all Geleeënheet.
Mat senger Schwëster huet de Lukas zwee Doheemer well hier Eltere getrennt sinn. Hie genéisst et am ëffentlechen Transport ze pendelen. Mee trotz den Elteren hiren Differenzen, sinn si fir de Lukas an d'Hannah eng Famill bliwwen a kucken zesummen, jiddereen op seng Aart a Weis, wou d'Rees no der Schoul higoe soll.
Als er afleveringen of banners missen (en ze staan op TheTVDB), dan kun je een automatische update van de serie aanvragen:
Update van serie aanvragen
Update aangevraagd