Log in om afleveringen als gekeken te markeren. Inloggen of aanmelden.
Seizoen 3
Uitzenddatum
Jun 24, 2018
Virun 18 Joer ass d’Magali vu Bouneweg op Paräis ausgewandert fir säin Dram ze liewen. Zenter hier stoung déi professionell Dänzerin op de verschiddenste Bühnen vun Europa an huet seng
.. show full overview
Virun 18 Joer ass d’Magali vu Bouneweg op Paräis ausgewandert fir säin Dram ze liewen. Zenter hier stoung déi professionell Dänzerin op de verschiddenste Bühnen vun Europa an huet seng eegen Danz- a Gesangstrupp gegrënnt. Mat 37 Joer, trotz enger Verletzung déi net heelt, wëll d’Magali et awer nach emol wëssen, sech weider entwéckelen, an et och als Sängerin packen. Vu Paräis iwwer Mamer bis op New York, stellt d’Magali säi Privat-liewen an den Hannergrond, an investéiert all Minutt a seng ganz Energie fir sengem Zil méi no ze kommen.
Uitzenddatum
Sep 16, 2018
Wann d'Oana mat sengem Job bei enger Investissementsfirma um Kierchbierg fäerdeg ass, fänkt een aneren Deel vu sengem Liewen un. Den dréchenen Alldag mécht Plaz fir di kléng Bühn.
.. show full overview
Wann d'Oana mat sengem Job bei enger Investissementsfirma um Kierchbierg fäerdeg ass, fänkt een aneren Deel vu sengem Liewen un. Den dréchenen Alldag mécht Plaz fir di kléng Bühn. Zesumme mat enger konterbonter Band vun Expatriéierten, huet si eng "Stand-up comedy" Grupp op d’Bee gestallt, di reegelméisseg a Café’en uechtert d'Stad optrieden. Hei gëtt gelaacht an nogeduecht: iwwer Männer a Bezéiungen am Allgemengen, an iwwert d'Liewen als Expat zu Lëtzebuerg. Et entseet net nëmmen e satirescht Spigelbild vun eiser Gesellschaft, mee dës Erzielungen hëllefen der jonker Rumänin och, sech eng nei Identitéit an enger neier Heemecht opzebauen.
Uitzenddatum
Okt 07, 2018
Aus der Liebesgeschicht tëscht dem Aida an dem Pouyan entsteet de Roboter QT ("cutee"). D’Aida huet 2013 den Iran verlooss, fir senger Jugendléift nozereesen, dem Pouyan, deen zu
.. show full overview
Aus der Liebesgeschicht tëscht dem Aida an dem Pouyan entsteet de Roboter QT ("cutee"). D’Aida huet 2013 den Iran verlooss, fir senger Jugendléift nozereesen, dem Pouyan, deen zu Lëtzebuerg studéiert huet. Hei däerf hatt awer säi Beruff, Medezin, net ausüben. D’Koppel entscheet, zesummen e Projet op d’Been ze stellen an domat béid hir Leidenschaften ze verbannen: Robotik a Medezin. Kuerz drop kënnt de QT op d’Welt, e Roboter dee Kanner mat Autismus therapeutesch begleet. Onermiddlech schaffen dem QT seng Eltere un hirer Start-up, déi séier emblematesch gëtt, fir eng nei Zort vu lëtzebuerger Economie. D’Aida ass determinéiert seng Roboter ronderëm d’Welt ze schécken, mee gläichzäiteg fält et him net ëmmer einfach, se goen ze loossen.
Uitzenddatum
Okt 28, 2018
De Laurent ass Informatiker. A senger Fräizäit besicht hien Kierfechter fir mat moderne Methoden Kontakt mat den Doudegen opzehuelen. Hie baut Maschinnen déi fräi Energië generéiere
.. show full overview
De Laurent ass Informatiker. A senger Fräizäit besicht hien Kierfechter fir mat moderne Methoden Kontakt mat den Doudegen opzehuelen. Hie baut Maschinnen déi fräi Energië generéiere soll, a léiert Remote Viewing. Alles fir mat Energie d'Welt ze verbesseren.
3x5
Off Air - En eemolegen Abléck an d’Kulisse vun der News-Redaktioun vun RTL
Episode overview
Uitzenddatum
Dec 09, 2018
“Off Air” gëtt en eemolegen Abléck an d’Kulisse vun der News-Redaktioun vun RTL, an den Deeg virun - an um nationale Wahldag vum 14ten Oktober 2018. Wat leeft wann d'Kamera net leeft an
.. show full overview
“Off Air” gëtt en eemolegen Abléck an d’Kulisse vun der News-Redaktioun vun RTL, an den Deeg virun - an um nationale Wahldag vum 14ten Oktober 2018. Wat leeft wann d'Kamera net leeft an d’Mikroen aus sinn? Wéi bereede sech d’Journalisten op esou eng grouss Live-Sendung vir? Vum Newsroom iwwer d'Regie bis an d'Schmink gëtt d’Spannung um Wahlowend ëmmer méi grouss, well eng Saach ass kloer: et gëtt knapp !
Uitzenddatum
Jan 13, 2019
De Jacques ass Réalisateur, an investéiert seng gesamten Energie, Zäit a Léift an d’Filmemaachen. Gedriwwen vu Perfektionismus, Determinatioun an enger gudder Portioun Humor, bréngt hien
.. show full overview
De Jacques ass Réalisateur, an investéiert seng gesamten Energie, Zäit a Léift an d’Filmemaachen. Gedriwwen vu Perfektionismus, Determinatioun an enger gudder Portioun Humor, bréngt hien säin Univers Schrëtt fir Schrëtt, Film fir Film, an d’Welt. Wéivill Fiktioun stécht am Jacques a wéivill Jacques stécht a senge Filmer?
Uitzenddatum
Feb 03, 2019
D’Lisa ass jonk Fuerscherin op der Uni zu Belval. Am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB) entwéckelt hatt, zesumme mat senge Kollegen, e Modell fir Parkinson besser ze
.. show full overview
D’Lisa ass jonk Fuerscherin op der Uni zu Belval. Am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB) entwéckelt hatt, zesumme mat senge Kollegen, e Modell fir Parkinson besser ze erfuerschen, unhand vu winzegen Zellkulturen, sougenannten Mini-Gehirer.
Mir tauche mat him an, an dës wëssenschaftlech Welt, wou di professionell Carrière enk verbonnen ass mat de Publikatiounen vun den Resultater vun der Recherche. “Publish or perish” wei een ënner Fuerscher seet. Dat ass just eng vun den Erausfuerderungen mat deenen d’Lisa konfrontéiert ass.
Uitzenddatum
Feb 24, 2019
D'Carmen Hertz huet siwwenzéng Joer a wunnt zu Dikrech. D’Schülerin mat Down-Syndrom ass an hirem leschte Schouljoer am Nordstad-Lycée. Donieft trommelt hat bei de Juniore vun der
.. show full overview
D'Carmen Hertz huet siwwenzéng Joer a wunnt zu Dikrech. D’Schülerin mat Down-Syndrom ass an hirem leschte Schouljoer am Nordstad-Lycée. Donieft trommelt hat bei de Juniore vun der Dikrecher Musek a schwëmmt fir d’Special Olympics. Och wann hat quasi ëmmer ee brauch dee sech em hat këmmert, an der Haaptsaach säi Papp, bewältegt hat mat Humor a Klatzkäppegkeet dësen enorme Pensum.
Uitzenddatum
Mrt 17, 2019
D'Claudine këmmert sech em d'Déieren am Parc Merveilleux, am Kader vun engem « atelier protégé ». Tëscht der Fleeg vun den Déieren, dem Austausch mat de Frëndinnen aus dem Park , an de
.. show full overview
D'Claudine këmmert sech em d'Déieren am Parc Merveilleux, am Kader vun engem « atelier protégé ». Tëscht der Fleeg vun den Déieren, dem Austausch mat de Frëndinnen aus dem Park , an de gemeinsame Momenter mat de Schwësteren, ass dem Claudine säin Alldag gutt gefëllt. Hatt huet eng Leidenschaft fir Deieren entdeckt, seng Plaz an der Gesellschaft fonnt, an e Sënn fir säi Liewen. « D’Meedche mat den Déieren » deckt lues a lues déi verschidde Facetten vum Claudine op, eng jonk a beréierend Fra, e bësschen anescht, mee och guer net esou.
Uitzenddatum
Apr 28, 2019
Fir seng véier Meedercher géif d'Yvonne alles maachen. Hatt huet eng chronesch Krankheet, déi him wuertwiertlech den Otem hëlt, wann hatt senger Aarbecht als Botzfra nogeet. D'Adjany,
.. show full overview
Fir seng véier Meedercher géif d'Yvonne alles maachen. Hatt huet eng chronesch Krankheet, déi him wuertwiertlech den Otem hëlt, wann hatt senger Aarbecht als Botzfra nogeet. D'Adjany, säin zweet Meedchen, gëtt 18 Joer al. D'Yvonne mobiliséiert säi ganze kapverdianeschen Reseau a mécht alles fir senger Duechter een onvergiesslecht Gebuertsdagsfest ze offréieren. Generéis a couragéis, hält hatt dem Liewe Stand.
Uitzenddatum
Mei 19, 2019
De Mario ass Taxidermist, also Déierepräparator. Mat sengem Handwierk dat oft nach als “Opstoppen” bezeechent gëtt, erwächt hien déi verschiddensten Déieren nees zum Liewen a mécht aus
.. show full overview
De Mario ass Taxidermist, also Déierepräparator. Mat sengem Handwierk dat oft nach als “Opstoppen” bezeechent gëtt, erwächt hien déi verschiddensten Déieren nees zum Liewen a mécht aus hinnen eng Juegdtrophee, en Objet fir Schoulen oder eng Dekoratioun. Wéi kënnt een zu dëser seelener Beschäftegung? Wéi ass dem Mario säin Aarbechtsoflaf? Ass en Taxidermist deen düstere Personnage deen ee sech virstellt? Wat ass säin, mee och eist Verhältnis zu den Déieren? Vu sengem onheemlechen Atelier, iwwert seng entspaanten Taxidermie-Coursen am Lycée bis hin zu sengem Familljeliewen, sinn d’Éiwegkeet, den Doud an d’Grenz zum Makaberen Themen déi de Mario reegelméisseg beschäftegen. Seng aussergewéinlech Aktivitéit stellt säi Jugement an dee vum Beobachter op d’Prouf.
Uitzenddatum
Jun 09, 2019
D'Maria de Pentecostes ass eng jonk argentinesch Missionärin an d'Mère Supérieure vun den apostolesche Schwësteren vum Centre Spirituel du Cents. Si ass zanter enger Rei Joren zu
.. show full overview
D'Maria de Pentecostes ass eng jonk argentinesch Missionärin an d'Mère Supérieure vun den apostolesche Schwësteren vum Centre Spirituel du Cents. Si ass zanter enger Rei Joren zu Lëtzebuerg, wou si sech mat deenen anere Schwësteren ëm eng Congregatioun vu Gleewegen këmmert. Als Missionärin gesäit si hier Famill quasi ni, ëmsou méi frou ass si dass hier richteg Schwëster, d'Unidad, als kontemplativ Nonn mat hir am selwechten Klouschter lieft - och wa si just kënnen duerch e Gitter matenee kommunizéieren. "Schwësteren" ass eng Episod iwwert Famill, Léift a Sacrifice, déi en intime Bléck hannert d'Maueren vun engem Klouschter werft.
Uitzenddatum
Sep 22, 2019
D’Summervakanz ass laang an d’Mahée langweilt sech. Mee zum Gléck si jo do seng Schwësteren mat deenen hatt spille kann. Just déi si vill méi al wéi hatt, an hunn net onbedéngt déi
.. show full overview
D’Summervakanz ass laang an d’Mahée langweilt sech. Mee zum Gléck si jo do seng Schwësteren mat deenen hatt spille kann. Just déi si vill méi al wéi hatt, an hunn net onbedéngt déi selwecht Interessen wei e siwen Joer aalt Kand. Mee d’Mahée hält sech drun wei de Geck un de Bengel. ‘D’Summervakanz’ ass e witzegen an touchanten Portrait vun engem klenge Meedchen wat versicht seng Plaz a senger Famille ze fannen.
Uitzenddatum
Okt 13, 2019
D'Philharmonie ass eng grouss Maschinn an där lauter kleng Zännriedercher dréien fir se um Rullen ze halen. Mir ginn sengem Direkter dem Stephan Gehmacher bei der Aarbecht no, an
.. show full overview
D'Philharmonie ass eng grouss Maschinn an där lauter kleng Zännriedercher dréien fir se um Rullen ze halen. Mir ginn sengem Direkter dem Stephan Gehmacher bei der Aarbecht no, an entdecken d'Banneliewen vum Concerts-haus, an e puer vun de ville Mataarbechter déi mussen zesumme spillen fir déi iwwert 450 Concerten am Joer iwwert d'Bühn ze bréngen.
Uitzenddatum
Nov 03, 2019
De Miki schafft als Streetworker fir d'Stad Lëtzebuerg. Hien ass och den Initiateur vum Streetsport-Programm, dee gratis Kampfsport-Courën fir Jonker ubidd. Als ehemolege Boxer probéiert
.. show full overview
De Miki schafft als Streetworker fir d'Stad Lëtzebuerg. Hien ass och den Initiateur vum Streetsport-Programm, dee gratis Kampfsport-Courën fir Jonker ubidd. Als ehemolege Boxer probéiert hien, iwwert d'Wäerter vum Sport senge Schüler eng Zort Educatioun fir d'Liewen ze ginn an hinnen moralesch Wäerter an eng Allgemengkultur ze vermëttelen. Duerch dem Miki seng Aarbecht a seng alldeeglech Begéignungen mat deenen, déi vun der Gesellschaft ausgeschloss sinn, entdecken mir en empatheschen a charismateschen Idealist, deen eng total positiv Energie ausstrahlt.
Uitzenddatum
Nov 24, 2019
Si sinn keng Prinzessinen, mee e Grupp vu jonke Fraen di Roller Derby spillen an der Equipe vun de "Grandes-Duchessen". De Kontaktsport huet feministesch Originen, an hiere Coach de
.. show full overview
Si sinn keng Prinzessinen, mee e Grupp vu jonke Fraen di Roller Derby spillen an der Equipe vun de "Grandes-Duchessen". De Kontaktsport huet feministesch Originen, an hiere Coach de Miche, ass deen eenzege Mann an dësem weiblechen Univers. Hie versicht sou gutt wei e kann, si zu engem eischten Erfolleg ze féieren, ma hien huet et net einfach sech duerchzesetzen bei all deene staarke Fraen. Si zécken net seng Kompetenzen als Trainer, a seng Autoriéit a Fro ze stellen.
Uitzenddatum
Dec 15, 2019
D’halleft Land kennt de Paul. Hie war gutt 10 Joer laang Paschtouer, huet dunn awer säin Dramberuff opginn, virun allem wéinst dem Zölibat. Haut versicht hie bei der Caritas, jonk Leit
.. show full overview
D’halleft Land kennt de Paul. Hie war gutt 10 Joer laang Paschtouer, huet dunn awer säin Dramberuff opginn, virun allem wéinst dem Zölibat. Haut versicht hie bei der Caritas, jonk Leit dozou ze beweegen sech fir aner Mënschen anzesetzen. Viru kuerzem huet de Paul decidéiert an d’Politik ze goen. Net fir Karriär ze maachen, seet hien, mee fir eng besser Welt ze kämpfen. De Paul stoung schonn ëmmer gär am Mëttelpunkt a freet sech, ob hien et och weiderhi fäerdeg bréngt, déi aner „grouss“ ze maachen, an net sech selwer ze vill wichteg ze huelen – wou dach all eenzel Wielerstëmm dem Ego e bëssche méi schmeechelt…
Uitzenddatum
Jan 12, 2020
D'Paula wunnt mat senger klenger Famill an engem Appartement zu Diddeleng. Ëmmer frëndlech ass hatt awer dauernd em seng Kanner besuergt. Den Jason dee mat senge 16 Joer schwéier
.. show full overview
D'Paula wunnt mat senger klenger Famill an engem Appartement zu Diddeleng. Ëmmer frëndlech ass hatt awer dauernd em seng Kanner besuergt. Den Jason dee mat senge 16 Joer schwéier blesséiert duerch d'Liewe geet, an d'Larah dat mat 5 Joer scho weess dass et Mannequin wëll ginn. Mat Hëllef vum Judith, enger Therapeutin, versicht den Jason seng Traumata ze bewältegen. Mee d'Paula dréit och eng schwéier Laascht mat sech a versicht se z'iwwerwannen.
Uitzenddatum
Feb 02, 2020
De Laurent ass en Adept vu "Reenactement", der Nostellung vun historeschen Evenementer. Méi wei en Hobby, ass et fir de Laurent eng Sich no senger Plaz a senger Familljegeschicht, an an
.. show full overview
De Laurent ass en Adept vu "Reenactement", der Nostellung vun historeschen Evenementer. Méi wei en Hobby, ass et fir de Laurent eng Sich no senger Plaz a senger Familljegeschicht, an an der Geschicht vu Lëtzebuerg. D'Epochen vermësche sech, an d'Familljegeschichten geroden duerchenaner, de Laurent baut sech säin eegene Stammbam op. Hie verbréngt seng Géigewaart domadder, an der Vergaangenheet ronderëm ze lafen, a versicht d'Lächer a senger eegener Virgeschicht ze fëllen. Wäert et em geléngen erauszefannen wou hien hierkënnt?
Uitzenddatum
Mrt 01, 2020
De Gatti ass e Vëlosgeck, all fräi Minutt geet bei him fir de Vëlossport drop. Hie leet den Déifferdenger Vëlosveräin, a suergt dofir dass et sénge Coureuren vum Pro Conti Team un
.. show full overview
De Gatti ass e Vëlosgeck, all fräi Minutt geet bei him fir de Vëlossport drop. Hie leet den Déifferdenger Vëlosveräin, a suergt dofir dass et sénge Coureuren vum Pro Conti Team un näischt feelt. Hien ass e Pilier vum lëtzebuerger Cyclissem, seng Famill kënnt dobäi dacks op di zweet Plaz. No 50 Joer am Vëlossport muss de Gatti aus gesondheetleche Grënn seng Passioun opginn, an un déi nächst Generatioun weiderginn. Mee datt mam Ophalen ass mei einfach gesot wei gemaach….
Uitzenddatum
Mrt 22, 2020
Iwerwaache kann een haut per Mausklick. De Max Schrems ass en éisträicheschen Jurist, dee sech zënter 2014 fir Dateschutz asetzt. Seng Musterklo geinnt Facebook um europäeschen
.. show full overview
Iwerwaache kann een haut per Mausklick. De Max Schrems ass en éisträicheschen Jurist, dee sech zënter 2014 fir Dateschutz asetzt. Seng Musterklo geinnt Facebook um europäeschen Geriichtshaff zu Lëtzebuerg, ass net di eischten an dei Richtung. Zënterhier reest hien reegelméisseg tëscht Bréissel, Dublin an dem Kierchbierg hin an hier, fir sech mat sengen Affekoten géint Masseniwwerwaachung a fir de Schutz vum Privat- an Familljeliewen am digitalen Zäitalter anzesetzen. E Grondrecht aus der Charta vun der Europäescher Unioun wou et ëm de Respekt vun der Persoun a seng mënschlech Dignitéit geet, déi net duerfe verhandelt ginn. Well Dateschutz iwwert seng Persoun eraus all Mënsch betrëfft, grënnt hien eng ONG déi hien NOYB – ‘None of your business’ deeft.
Als er afleveringen of banners missen (en ze staan op TheTVDB), dan kun je een automatische update van de serie aanvragen:
Update van serie aanvragen
Update aangevraagd