De Jupp ass e Gourmang an e Gourmet an enger Persoun, well hien ësst gäre vill a gutt. Säin Alldag dréint sech an éischter Linn em Kachen an Iessen, an hien huet nawell d'Tendenz, mat de
.. show full overview
De Jupp ass e Gourmang an e Gourmet an enger Persoun, well hien ësst gäre vill a gutt. Säin Alldag dréint sech an éischter Linn em Kachen an Iessen, an hien huet nawell d'Tendenz, mat de Quantitéiten liicht z'iwwerdreiwen. De Jupp kennt einfach keng Mooss. An dat wéi et schéngt ouni och nëmmen déi klengst Gewëssensbëss. Ëmmer gutt drop a voller Liewesfreed, e groussen Amateur vun Oper a Gesang, ass de Jupp virun allem en onverbesserleche Bon-Vivant deen anscheinend näischt dervun ofhale kann, säi Liewe sou ze liewen wéi et him gefält.