rout wäiss gro
De Som vum Liewen (1x16)
:
Den Georges ass elengerzéiende Papp vun dräi erwuessene Kanner: dat emotionell räift Cassandra, den Paradiesvugel Wesley an de Museker a Skater Ornello. Huet hie virun e puer Joer nach iwwer 120 Kilo op d’Wo bruecht, sou ass de Georges no enger Bypass-Operatioun vum Mo zu engem anere Mënsch ginn.
Neierdéngs bidd de Georges mat der sougenannter « Liewensschoul » Konferenzen un, déi de Leit sollen Impulser vermëttele fir sech selwer an hirem Ëmfeld nees méi bewosst ze ginn. Privat ass hien awer iwwerfuerdert: wann den Ornello net geschwënn e Stage fënnt, kann hien d’Schoul net ofschléissen, an all Diskussioun tëscht Papp a Jong féiert zum Konflikt.
Kritt de Georges déi eegen Onsécherheeten a seng berufflech Zieler ënnert een Hutt?